Kann d’Regierung confirméieren datt et och nom 22. Juni 2021 Problemer mam ELS vun der Police gouf ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet an un d’Madamm Inneminister weider ze leeden.

Déi zoustänneg Ministeren haten an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro confirméiert datt et den 22. Juni 2021 eng informatesch Pann gouf déi Repercussiounen op den Einsatzleitsystem (ELS) an d’Noutruffnummer 113 vun der Police hat.

Eisen Informatiounen no funktionéiert d’Software déi benotzt gëtt nach ëmmer net richteg an e gi permanent Problemer. Dee selwechte System géif anscheinend och an den USA benotzt an och do kënnt et wuel des Ëfteren zu Ausfäll.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Gëtt fir den ELS vun der Police d’Software vun Intergraph benotzt ?
  2. Wa jo, ass d’Regierung driwwer informéiert datt et och am Ausland Problemer mat dëser Software gëtt ?
  3. Kann d’Regierung confirméieren datt et och nom 22. Juni 2021 Problemer mam ELS vun der Police gouf ?
  4. Wa jo, war zäitweis déi permanent Disponibilitéit vum ELS nët garantéiert ?
  5. Wat sinn déi konkret Problemer vum besote System a wéi laang brauchen se am Fall vun enger Pann fir erëm operationell ze sinn ?
  6. Wéi ass virgesinn datt all zoustänneg Acteuren handelen am Fall vun enger Pann vum System ?
  7. Fir wat hunn den 112 an den 113 ënnerschiddlech Systemer ?
  8. Ob Basis vu wéi enge Critèrë gouf de System ausgewielt ?
  9. War deemools scho bekannt datt et Probleemer ginn ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

              

 

Léon Gloden                            Laurent Mosar           Marc Lies

Deputéierten                           Deputéierten               Deputéierten

Kann d’Regierung matdeelen aus wéi engem Grond een iwwert Doctena méi schnell en RDV kritt vir en IRM am Groupe HRS wéi wann een deen direkt am Sekretariat ufreet ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Wéi et aus engem Lieserbréif am Luxemburger Wort vum 20. September 2021 ervir geet, misst een Fach- an Informatikswëssen matt bréngen vir sech iwwerhaapt mol kënnen e RDV vir en IRM un ze froen. Esou beschreift d‘ Persoun an hirem Schreiwes wéi se vum Sekretariat „Radiologie“ vum Groupe HRS gesot krut, se misst sech selwer e RDV iwwert Doctena/Internet huelen, vir net grad dee lescht méiglechen Datum ze kréien. Nieft dem Informatikswëssen dat een misst matbréngen, wier et net nëmmen eng medezinesch Erausfuerderung vir emol virdéicht dee richtegen IRM ze fannen, mee et géif een och klinesch Detailer gefrot ginn déi een als Patient oft net wéisst. Nodeems Dokument dann ausgefëllt wier misst een et dann un d’Klinik per E-Mail schécken, wat vir e puer Leit net esou einfach wier wéi vir anerer. An deem Sënn freet d‘Verfaasserinn vum Lieserbréif sech ob net jiddereen déi selwecht Rechter a Méiglechkeet ob medezinesch Hëllef zu Lëtzebuerg hätt.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung matdeelen aus wéi engem Grond een iwwert Doctena méi schnell en RDV kritt vir en IRM am Groupe HRS wéi wann een deen direkt am Sekretariat ufreet ?
  • Wëssend datt et Leit ginn déi net esou gutt mat informateschen Mëttelen kënnen em goen wéi anerer oder tout court keng besëtzen, ass d’Regierung der Meenung datt soumat jiddereen d‘Méiglechkeet ob medezinesch Hellef huet zu Lëtzebuerg ?
  • Aus wéi engem Grond muss een beim Ausfëllen vun der Online-Ufro medezinesch Detailer uginn ? Ass d’Regierung sech bewosst datt et Patienten ginn déi dës Detailer net hunn ?
  • Opgrond vun dësen Punkten ass d’Regierung der Meenung datt d’Prozedur misst iwwerschafft ginn vir en IRM-RDV ze kréien ?

 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

Léon Gloden

Deputéierten

Wéi wäit ass de Projet vum Velodrom ? Wéi eng Grënn ginn et fir de Retard ?

Herr Präsident,

gemäß Artikel 80 der Geschäftsordnung der Abgeordnetenkammer bitten wir Sie, nachfolgende parlamentarische Anfrage an den Herrn Sportminister, an den Herrn Bildungsminister und an den Herrn Finanzminister weiterzuleiten.

In einem am 14. September 2021 in der Tageszeitung „Tageblatt“ veröffentlichten Artikel wird über die Finanzierung des Velodroms in Bad Mondorf berichtet. Demnach will der Staat nun 100 Prozent des Projektes finanzieren, und nicht nur 70 Prozent wie ursprünglich geplant. Damit müsste ein neues Gesetz in der Abgeordnetenkammer verabschiedet werden. Darüber hinaus sollen noch nicht alle Grundstücke, die für den Bau der „Ecole internationale Mondorf-les-bains“ gebraucht werden, im Besitz des Staates sein. Die Schule und der Sportkomplex mit Velodrom sollen in unmittelbarer Nähe voneinander entstehen.

Vor diesem Hintergrund möchten wir folgende Fragen an den Herrn Sportminister, an den Herrn Bildungsminister und an den Herrn Finanzminister stellen:

  • Das Projekt Velodrom zieht sich in die Länge. Wie weit ist das Projekt nun fortgeschritten? Welche Gründe erklären neben der Corona-Pandemie die Verzögerung?
  • Ist eine Gesetzesvorlage, um eine 100-Prozent-Finanzierung des Projektes zu ermöglichen, in Vorbereitung? Wann wird der Text bei der Abgeordnetenkammer eingereicht?
  • Wie viele Grundstücke müssen noch vom Staat erworben werden, um die Bauarbeiten der „Ecole internationale Mondorf-les-Bains“ zu starten? Warum konnten diese Grundstücke bis dato noch nicht erworben werden?

Es zeichnen hochachtungsvoll,

 

Léon Gloden                                        Nancy Kemp-Arendt

Abgeordneter                                              Abgeordnete

Wiessel an der Chamber

No iwwer 20 Joer politeschem Engagement fir d’CSV op kommunalem an nationalem Plang, no vill flotten Erfarungen a Responsabilitéit als Conseiller, Buergermeeschtesch, Deputéiert a Ministerin, huet d’ Françoise Hetto-Gaasch decidéiert fir vum Januar 2022 un een neie Liewensprojet un ze goen an aus der Chambre des Députés Grand-Duché de Luxembourg ze demissionéieren.

Mat dësem Schrëtt wëll d’Françoise awer och d’Erneierung vun der CSV weider dreiwen.

Mam Max Hengel kritt d’Françoise een Nofollger, deen als laangjärege Fraktiouns-Mataarbechter beschtens op seng nei Aufgabe preparéiert ass.

Mir soen dem Françoise ee grousse Merci a wënschen elo schonn dem Max Alles Guddes.

Gedenkt d’Regierung an Zukunft d’Primme fir d’Elektromobilitéit och op Hëllefsmëttel wéi elektresch Rollstill ze erweideren wann d’Leit se selwer kafen ouni ënnert d’assurance dépendance ze falen ?

Här President, 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Subside fir d’Elektromobilitéit un d`Madamm Ministesch fir Ëmwelt weider ze leeden.

An eiser parlamentarescher Fro N°4686 ass di zoustänneg Ministesch net konkret op eis Froen agaangen, dofir stelle mir des Fro nach eng Keier :

Zanter puer Joer ginn et Primme fir esou d’Elektromobilitéit zu Lëtzebuerg ze fërderen. Sou kritt een zum Beispill eng Primm vu bis zu 1000€ fir en 100% elektresch bedriwwene liichten Auto oder Motorrad. Doniewent gëtt et awer och eng Primm vu bis zu 600€ fir en (elektresche bedriwwene) Vëlo. Hautdesdaags ginn et awer och Rollstill, déi mat engem klengen elektreschen Zousazmotor funktionéieren, entweder als reng Traktiounshëllef, oder ënner der Form vun engem sougenannten Handbike mat Elektroënnerstëtzung. Dës zousätzlech Hëllefen erlaben et dem Benotzer sech vill méi einfach kënne virun ze beweegen, méi grouss Strecken zeréckzeleeën, Montéeën ze iwwerwannen, … Am Fall vum Handbike mat Elektroënnerstëtzung, erlaben si och nach de Benotzer sech sportlech ze betätegen, genee wéi dat bei engem “cycle à assistance électrique” ass. Dës Hëllefsmëttel kënnen domadder e grousse Gewënn un Liewensqualitéit fir hier Benotzer duerstellen an hëllefen och d’Mobilitéit nohalteg méi propper ze maachen. 

Eisen Informatiounen no sinn esou Hëllefsmëttel allerdéngs vun de Primmen zur Elektromobilitéit ausgeschloss.

An dem Kontext, stelle mir nach eng Keier folgend Froen :

 

  • Deelt d’Regierung eis Meenung, dass esou Hëllefsmëttel och een Deel vun der Elektromobilitéit sinn?
  • Gedenkt d’Regierung an Zukunft d’Primme fir d’Elektromobilitéit och op Hëllefsmëttel wéi elektresch Rollstill ze erweideren wann d’Leit se selwer kafen ouni ënnert d’assurance dépendance ze falen ?
  • Wa nee, firwat net ? Wa jo, ab wéini soll des Mesür och fir elektronesch bedriwwe Rollstill gellen ?

 Här President mir bieden Iech onse déifste Respekt unzehuelen. 

 

 

Martine Hansen                                                                                           Françoise Hetto

Deputéiert

Kann den Här Minister eis detailléiert Zuelen zur Evolutioun vun der Kriminalitéit an Delinquenz hei am Land säit Mäerz 2021 ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weider ze leeden.

Déi lescht Zuelen a Statistiken zur Kriminalitéit an Delinquenz am Grand-Duché huet den Här Minister zesumme mat de Responsabele vun der Police Enn Mäerz dëses Jores presentéiert.

An de leschte Wochen huet een awer den Androck datt et virun allem zu enger ganzer Rei Iwwerfäll am Dag komm ass.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann den Här Minister eis detailléiert Zuelen zur Evolutioun vun der Kriminalitéit an Delinquenz hei am Land säit Mäerz 2021 ginn, opgeschlësselt no der Aart vun de Strofdoten, de Stied, de Gemengen an de Regiounen am Land?
  • Wann nee, aus wéi enge Grënn sinn dës Zuelen net disponibel?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Laurent Mosar                                                     Léon Gloden

Deputéierten                                                       Deputéierten

Kéinte Privatentreprisen Subside kréien, wa si sech bereet erklären hire Maschinnen-Park am Fall vu Naturkatastrophen zur Verfügung ze stellen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir de Mëttelstand, d’Madamm Inneminister an d’Madamm Ëmweltminister weider ze leeden.

Déi rezent Iwwerschwemmungen huet gewise wéi séier am Fall vun esou Naturkatastrophen, nieft dem Asaz vu CGDIS, Arméi, staatleche Verwaltungen a Gemengen, Hëllef ka mobiliséiert gi vu privaten Entreprisen aus dem Beräich vum Bau, der Landwirtschaft oder dem Wäibau, déi mat hire Maschinne gehollef hunn ze raumen. Ouni dës wäertvoll Ënnerstëtzung vun alle concernéierten Acteuren, hätten d’Opraumaarbechten net esou séier kënnen organiséiert ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kéint d’Regierung sech virstellen datt Privatentreprisen déi sech bereet erklären hire Maschinnen-Park am Fall vun esou Naturkatastrophen zur Verfügung ze stellen, e Subside kéinte kréie bei der Uschafung vun neie Maschinnen déi fir esou en Asaz gëeegent sinn?
  2. Wann nee, fir wat net?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

               

Léon Gloden

Deputéierten

Wéi ass déi aktuell Auslaaschtung vun de bestoende Vakanzen-Better an den Alters- a Fleegeheemer?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Famill an Integratioun weider ze leeden.

An der Vakanzenzäit stellt sech ëmmer erëm d’Fro no de sougenannte Vakanzen-Better fir fleegebedierfteg Leit déi normalerweis doheem vun engem Familljemember betreit ginn. Dës Leit leeschten eng ganz wäertvoll Aarbecht, awer och si brauchen emol eng Paus an eng Vakanz.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Fro un d’Madamm Minister stellen:

  • Wéi ass déi aktuell Auslaaschtung vun de bestoende Vakanzen-Better an den Alters- a Fleegeheemer?
  • Wéi vill Aidants informels ginn et zu Lëtzebuerg a wéi laang betreien dës an der Moyenne e Familljemember?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

Wéi ass d’Prise en charge vun Hannerbliwwenen bei der Police organiséiert ? Iwwer wéi eng Dauer hunn Hannerbliwwener « Recht » op dës Prise en charge ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede ech Iech dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

An engem Bäitrag op RTL gouf e Virfall, dee sech virun 3 an engem halwer Joer zu Lausduer zougedroen huet a bei deem, ee Polizist ëm d’Liewe koum, an eng Polizistin liewensgeféierlech blesséiert gouf, opgeschafft.

Am Reportage gëtt e.a. drop verwisen, dass et innerhalb vun der Arméi ee Service gëtt, dee sech ëm déi Hannerbliwwen vun sou trageschen Accidenter, këmmert. Eppes wat et aktuell an der Police an där Form net géif ginn.

Ech wéilt duerfir folgend Froen un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet stellen :

 

  • Kann den Här Minister dës Informatiounen confirméieren ?
  • Wéi ass d’Prise en charge vun Hannerbliwwenen bei der Police organiséiert ? Iwwer wéi eng Dauer hunn Hannerbliwwener « Recht » op dës Prise en charge ?
  • Plangt d’Regierung den Hannerbliwwenen ee spezielle Service, ggf. innerhalb vun der Police respektiv administratiouns- a serviceiwwergräifend, zur Säit ze stellen ? A wa jo, a wéi engem Zäithorizont ?

 

Mat déifstem Respekt,

Léon Gloden
Deputéierten

Kann d’Regierung eppes ënnerhuelen fir datt Persounen, déi schonns Broschtkriibs haten net méi sou laang op een Rendezvous waarden mussen ? Recommandéiert d’Regierung datt d’Patienten sollen an d’Ausland goen fir hir Mammographie ze maachen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Esou wéi mir an eiser parlamentarescher Fro n°4572 schonn vermierkt haten, goufen et scho virum Confinement ganz grouss Waardezäite fir e Rendezvous an der Mammographie ze kréien. Dës Waardezäiten sinn dun duerch d’Pandemie an duerch d’Zréckfuere vun de medezinesche Basisservicer nach verlängert ginn.

Obwuel d’Madamm Minister schonn am Februar 2020 eng Rei Mesuren ugekënnegt hat an am September nach emol drop higewisen huet datt fir Enn 2020/ Ufank 2021
weider Verbesserungen an d’Weeër geleet ginn duerch Formatioune fir Sekretärinne vu Klinicke resp. eng Demande d’Agrément vun engem Radiolog am CHdN, sinn eisen Informatiounen no d’Waardezäite fir e Rendezvous an der Mammographie ausserhalb vum „Programme Mammographie“ weiderhin immens laang.

Laut der Madamm Gesondheetsministesch hirer Äntwert op eis Fro n°4572 géif d’Waardezäit ausserhalb vum organiséierte Mammographie-Depistage Programm tëschent 1,5 an 12 Méint leien.

Eisen Informatiounen no mussen och Leit wou schonns Broschtkriibs haten laang op een Rendezvous waarden. Am Fall vun engem Noutfall, kéint en Dokter awer kuerzfristeg e Rendezvous vir seng Patientin ufroen. D’Drénglechkeet fir e Rendezvous géing awer net vun all Dokter oder Radiolog d’selwecht ugesi ginn.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung bestätegen datten Persounen déi schonns Broschtkriibs haten laang op een Rendezvous waarden missten/mussen ?
  • Falls jo, wat gesäit d’Regierung vir dogéint ze ënnerhuelen, wëssend datt et wichteg ass Persounen déi eng Virgeschicht mat Broschtkriibs hunn, a reegelméissegen Ofstänn ze ënnersichen ? Aus wéi engem Grond mussen dës Patientinnen esou laang waarden, wëssend datt bis elo net vun engem Mangel un Apparater geschwat ginn ass ?
  • Wéi ginn d‘ Prioritéiten bei der Rendezvous Verdeelung gesat?
  • Sollt een net méi kloer definéieren wat en Noutfall oder eng Drénglechkeet duerstellt, sou dass d’Dokteren an d’Radiologen eng alignéiert Approche kënnen huelen wat d’Verdeelung vun de Rendezvous’en un Persounen mat enger Broschtkriibsvirgeschicht ubelaangt ?
  • Wat gesäit d’Regierung vir, fir den Preventiounsprogramm méi effikass ze maachen ?
  • Wann d’ Waardezäiten laang sinn, ginn dann och Recommandatiounen gemaach datt d’ Patienten sollen an d‘ Ausland goen?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert