Skip to content

WÉI HUET DÉI TRANSNATIONAL KOOPERATIOUN TËSCHT DER POLICE AN DE GRENZREGIOUNEN A PUNKTO DROGEKRIMINALITÉIT ZËNTER LESCHTEM JOER EVOLUÉIERT?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

Wéi an engem Artikel aus dem Lëtzebuerger Wort vum 26. Juni 2023 ze liesen ass, kënnt et am Oste vum Land an der Läscht ëmmer rëm zu brutalen Iwwerfäll, Drogendelikter a souguer Schéissereien. Aus dësem Artikel geet och ervir, dass Drogendealer hir Geschäfter hei ganz ongenéiert verriichten, duerno iwwert d’Grenz fortfueren an d’Leit aus der Ëmgéigend sech Owes net méi sécher fillen.

Am Kader vun der mëndlecher Fro N°271 zu enger Serie vun Tankstelleniwwerfäll an Abréch laanscht déi däitsch Grenz, ass d’Zesummenaarbecht mat den auslännesche Policeinstanzen hannerfrot ginn. De Minister fir bannenzeg Sécherheet huet an deem Kontext ënner anerem op een Accord tëscht Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich an der Belge verwisen, wou gemeinsam Patrullen a Reunioune stattfannen, sollt sech eng Serie vun Iwwerfäll undeiten.

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet stellen:

  • Wéi huet déi transnational Kooperatioun tëscht der Police an de Grenzregiounen a punkto Drogekriminalitéit zënter leschtem Joer evoluéiert?
  • Wéi vill Drogendealer konnten duerch eng grenziwwerschreidend gemeinsam Policeaarbecht gefaasst ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Léon Gloden

Deputéierten

Beitrag teilen