Här President, Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet an un d’Madamm Inneminister weider ze leeden. Déi zoustänneg Ministeren haten an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro confirméiert datt et den 22. Juni 2021 eng informatesch Pann gouf déi Repercussiounen op den Einsatzleitsystem (ELS) an ...
Aus der Chamber
Kann d’Regierung matdeelen aus wéi engem Grond een iwwert Doctena méi schnell en RDV kritt vir en IRM am Groupe HRS wéi wann een deen direkt am Sekretariat ufreet ?
Här President, Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden. Wéi et aus engem Lieserbréif am Luxemburger Wort vum 20. September 2021 ervir geet, misst een Fach- an Informatikswëssen matt bréngen vir sech iwwerhaapt mol kënnen e RDV vir en IRM un ze froen. Esou beschreift d‘ Persoun an hirem Schreiwes ...
Wéi wäit ass de Projet vum Velodrom ? Wéi eng Grënn ginn et fir de Retard ?
Herr Präsident, gemäß Artikel 80 der Geschäftsordnung der Abgeordnetenkammer bitten wir Sie, nachfolgende parlamentarische Anfrage an den Herrn Sportminister, an den Herrn Bildungsminister und an den Herrn Finanzminister weiterzuleiten. In einem am 14. September 2021 in der Tageszeitung „Tageblatt“ veröffentlichten Artikel wird über die Finanzierung des Velodroms in Bad Mondorf berichtet. Demnach will der Staat ...
Wiessel an der Chamber
No iwwer 20 Joer politeschem Engagement fir d’CSV op kommunalem an nationalem Plang, no vill flotten Erfarungen a Responsabilitéit als Conseiller, Buergermeeschtesch, Deputéiert a Ministerin, huet d’ Françoise Hetto-Gaasch decidéiert fir vum Januar 2022 un een neie Liewensprojet un ze goen an aus der Chambre des Députés Grand-Duché de Luxembourg ze demissionéieren. Mat dësem Schrëtt wëll ...
Gedenkt d’Regierung an Zukunft d’Primme fir d’Elektromobilitéit och op Hëllefsmëttel wéi elektresch Rollstill ze erweideren wann d’Leit se selwer kafen ouni ënnert d’assurance dépendance ze falen ?
Här President, Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Subside fir d’Elektromobilitéit un d`Madamm Ministesch fir Ëmwelt weider ze leeden. An eiser parlamentarescher Fro N°4686 ass di zoustänneg Ministesch net konkret op eis Froen agaangen, dofir stelle mir des Fro nach eng Keier : Zanter puer Joer ginn et Primme fir esou d’Elektromobilitéit zu ...
Kann den Här Minister eis detailléiert Zuelen zur Evolutioun vun der Kriminalitéit an Delinquenz hei am Land säit Mäerz 2021 ginn?
Här President, Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weider ze leeden. Déi lescht Zuelen a Statistiken zur Kriminalitéit an Delinquenz am Grand-Duché huet den Här Minister zesumme mat de Responsabele vun der Police Enn Mäerz dëses Jores presentéiert. An de leschte Wochen huet een awer den Androck ...
Kéinte Privatentreprisen Subside kréien, wa si sech bereet erklären hire Maschinnen-Park am Fall vu Naturkatastrophen zur Verfügung ze stellen ?
Här President, Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir de Mëttelstand, d’Madamm Inneminister an d’Madamm Ëmweltminister weider ze leeden. Déi rezent Iwwerschwemmungen huet gewise wéi séier am Fall vun esou Naturkatastrophen, nieft dem Asaz vu CGDIS, Arméi, staatleche Verwaltungen a Gemengen, Hëllef ka mobiliséiert gi vu ...
Wéi ass déi aktuell Auslaaschtung vun de bestoende Vakanzen-Better an den Alters- a Fleegeheemer?
Här President, Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Famill an Integratioun weider ze leeden. An der Vakanzenzäit stellt sech ëmmer erëm d’Fro no de sougenannte Vakanzen-Better fir fleegebedierfteg Leit déi normalerweis doheem vun engem Familljemember betreit ginn. Dës Leit leeschten eng ganz wäertvoll Aarbecht, awer och si ...
Wéi ass d’Prise en charge vun Hannerbliwwenen bei der Police organiséiert ? Iwwer wéi eng Dauer hunn Hannerbliwwener « Recht » op dës Prise en charge ?
Här President, Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede ech Iech dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden. An engem Bäitrag op RTL gouf e Virfall, dee sech virun 3 an engem halwer Joer zu Lausduer zougedroen huet a bei deem, ee Polizist ëm d’Liewe koum, an eng Polizistin liewensgeféierlech blesséiert gouf, opgeschafft. Am Reportage gëtt ...
Kann d’Regierung eppes ënnerhuelen fir datt Persounen, déi schonns Broschtkriibs haten net méi sou laang op een Rendezvous waarden mussen ? Recommandéiert d’Regierung datt d’Patienten sollen an d’Ausland goen fir hir Mammographie ze maachen?
Här President, Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden. Esou wéi mir an eiser parlamentarescher Fro n°4572 schonn vermierkt haten, goufen et scho virum Confinement ganz grouss Waardezäite fir e Rendezvous an der Mammographie ze kréien. Dës Waardezäiten sinn dun duerch d’Pandemie an duerch ...