Skip to content

DEELT D’REGIERUNG D’MEENUNG DATT ET SËNNVOLL WIER DÉI FINANZIELL HËLLEFEN FIR ELTEREN VUN ENGEM KAND MAT HANDICAP ERÉISCHT NO 6 MÉINT AUSLAFEN ZE LOOSSEN, FIR DATT DÉI BETRAFFE FAMILLEN NIEFT DER TRAUER NET OCH NACH MAT FINANZIELLE SCHWIEREGKEETEN ZE KÄMPFEN HUNN ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet sou wéi un den Här Minister fir Famill an Integratioun weiderzeleeden.

Als Elteren vun engem Kand mat Handicap huet een, wann ee verschidde Critèren erfëllt, en Urecht op verschiddenen Aiden wéi d’Allocation supplémentaire pour enfant vivant avec un handicap an den Aidant informel. Dës Hëllefen si ganz wäertvoll fir déi betraffe Famillen. Et ass awer esou datt, wann e Kand mat Behënnerung stierft, all dës Aiden direkt ewechfalen. Heibäi muss een awer bedenken datt déi betraffe Famillen oft eng Persoun agestallt hunn resp. ee vun den Elteren seng Aarbechtszäit reduzéiert huet oder guenet méi schafft fir sech ëm d’Kand mat Handicap ze këmmeren. Do dauert et och oft eng Zäit bis een eng néi Aarbechtsplaz fennt resp. seng Tâche kann eropsetzen. En plus wann een eng Persoun agestallt huet, gëllt jo dat geltend Aarbechtsrecht mat de bekannte Kënnegungsfristen. Duerch dat direkt Ewechfalen vun dëse finanziellen Aiden, kommen déi betraffe Famillen wann se eng Persoun agestallt hunn oder een vun den Elteren manner oder guenet méi schaffen geet also eventuell an eng finanziell Noutsituatioun.

An deem Kontext wéilt ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

Deelt d’Madamm Minister d’Meenung datt et sënnvoll wier déi finanziell Hëllefen eréischt no 6 Méint auslafen ze loossen fir datt déi betraffe Famillen nieft der Trauer net och nach mat finanzielle Schwieregkeeten ze kämpfen hunn ?

Wann nee, aus wéi enge Grënn?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Max Hengel
Deputéierten

Beitrag teilen