Max Hengel

Kann een zu Lëtzebuerg och eng Hausse vun den Prescriptiounen vun psychotropeschen, antipsychoteschen an hypnoteschen Medikamenter an och vun Psychostimulanten bei Kanner a Jugendlechen feststellen ?

Här President, Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d‘Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden. An engem Rapport vum franséischen Haut Conseil de la famille, de l’enfance et de l’âge (HCFEA) warnt dësen virun enger Hausse vun psychotropeschen Medikamenter (Medikamenter déi d’Aktivitéit vum Gehier veränneren) bei Kanner tëscht 6-17 Joer. Vill ...

Weider liesen

Wat sinn aktuell d’Delaien, fir eng Autorisatioun vun der CNS fir een dréngenden operativen Agrëff am Ausland ze kréien?

Här President,   Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet ze stellen. Am Januar 2022 hate mir Iech an enger mëndlecher Fro op ee Fall vun engem Patient higewisen, deen d’Urgence misst am Ausland operéiert ginn, d’Suen fir des Operatioun awer selwer huet misse virstrecken, well d’Autorisatioun vun der CNS ...

Weider liesen

Bei wichtege medezineschen Traitementer déi wärend enger Zäit musse widderholl ginn, huet eng verséchert Persoun en Taxitransport zu Gutt. Firwat kommen hei oft nach Fraisen op de Patient duer déi dëse selwer droe muss ?

Här President,   Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet weiderzeleeden.   Eng verséchert Persoun huet am Fall vun engem Traitement dat wärend enger Zäit muss widderholl ginn (wéi zB. Chimiotherapie, Radiotherapie an Dialyse) en Taxitransport zu Gutt, deen vun der CNS iwwerholl gëtt, ënnert der ...

Weider liesen

Sollen um Site zu Dräibuer an Zukunft weiderhin CSEE an UNISEC bestoen, oder awer just d‘UNISEC?

Här President, Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un den d’Madamm Justizministesch an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.   Den 29. Mäerz 2022 ass, an enger gemeinsamer Reunioun vun der Justizkommissioun an der Educatiounskommissioun zu de Gesetzprojeten zum Jugendschutz an dem Jugendstrofrecht, ...

Weider liesen

FIRWAT INFORMÉIERT D’REGIERUNG D’LEIT NET KONSEQUENT DRIWWER, DASS D’STROOSS TËSCHT ONSDORF AN TAWER, NO LAANGEN AARBECHTEN RËM OP ASS, AN ALS AUSWÄICHMÉIGLECHKEET DÉNGE KANN?

Här President, Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.   D’Wuermerbréck tëscht Wëncher a Wuermer a Richtung Lëtzebuerg ass zënter leschtem Mëttwoch gespaart. Dofir wäiche vill Frontalieren op d’Wellenerbréck aus, oder probéieren iwwert d‘Josef-Schnuch ...

Weider liesen

Huet d’Regierung geplangt, d’Käschtestruktur vun de Biogasanlagen ze analyséieren an d’Tarifikatioun vun der Gasasepisung unzepassen?

Här President,   Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Energie ze stellen. Am Kader vun den Diskussiounen iwwert d’Zukunft vun de Biogasanlagen zu Lëtzebuerg maachen sech besonnesch d’Bedreiwer vun den Anlagen, déi Biomethan an d’Netz aspeisen, Suergen. Wéi Am Artikel vum Lëtzebuerger Wort vum 25. Februar 2023 nozeliesen ...

Weider liesen

Wat sinn d’Grënn vun der Regierung, fir just nach eng Ligne de Garde fir d’Kannerdoktere virzegesinn a keng méi fir d’Kannerchirurgen?

är President,   Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.   Wéi aus engem rezente Bréif vu Representante vun der Chirurgie pédiatrique vum Hôpital Kierchbierg un de Chamberpresident ervirgeet, hunn d‘Kannerdokteren an d‘Kannerchirurge Bedenken hisiichtlech dem  Accord aus dem Joer 2022, zu den ...

Weider liesen

Firwat ass den Noutruff 112 aus dem Ausland net z’erreechen?

Här President, Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneminister weiderzeleeden. Eisen Informatiounen no kann een net aus dem Ausland op déi Lëtzebuerger Noutruffnummer 112 uruffen. Hei e konkrete Fall, fir de Sujet z’illustréieren : Eng eeler Fra geet an hirem Doheem zu Lëtzebuerg zesummen. Hire Fils, e Lëtzebuerger Resident, gëtt direkt ...

Weider liesen

Ass séchergestallt, datt déi geplangten nei Héichspannungsleitung, déi duerch d’Gemeng Jonglënster verleeft, kee Risiko fir d’Gesondheet vun den Awunner duerstellt ?

Här President, Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister an un d’Madamm Ëmweltminister weiderzeleeden. Mat enger neier Héichspannungsleitung a Richtung Aach bei Tréier soll d’Stroumversuergung vu Lëtzebuerg fir déi nächst Jorzéngten ofgeséchert ginn. Déi geplangten 380-Kilovolt-Leitung verleeft ënner anerem duerch d’Gemeng ...

Weider liesen

Wéi vill verschidden Antibiotiquen a Form vun Sirop fir d’Kanner sinn am Moment zu Lëtzebuerg disponibel?

Här President, Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géingen mir Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden. Eisen Informatiounen no sinn zanter Méint nëmmen nach ganz wéineg verschidden Antibiotiquen fir Kanner a Form vun Sirop disponibel. Virun allem déi gängeg Präparater Augmentin an Zinnat sinn zanter enger Weil en Rupture de stock. Doduerch ...

Weider liesen