Skip to content

10 Prioritéiten vun der CSV

Méi Kafkraaft

  • Manner Steieren.
  • Inflatiounsberengegung vun der Steiertabell an Etappen.
  • Verbreederung vun de Steiertranchen.
  • Méi héich steierlech Fräibeträg fir Famille mat Kanner.
  • Eropsetze vum Steieragangsbetrag – och fir Elengerzéier.
  • Verlängerung vun der Iwwergangszäit vun der Steierklasse 2 an d‘Steierklass 1a op 6 Joer.
  • Keng Ierfschaftssteier a keng Verméigenssteier.

Méi Ënnerstëtzung fir jonk Famillen

  • Verbesserung vun der Work-Family-Balance duerch Recht op 4 onbezuelten Elterestonne pro Woch bei Kanner am Grondschoulalter.
  • Starter-Kit fir Beruffsufänger mat steierleche Fräibeträg fir déi éischt Beruffsjoren.
  • Ënnerstëtzung fir Elteren, déi hir Kanner bis zur Schoulflicht net an eng Betreiungsstruktur ginn.

Méi Wunnraum

  • Méi, méi séier, plazeweis méi héich a méi dicht bauen.
  • Keng Ëmwelt-Kompenséierungsmoossnamen am Bauperimeter.
  • Méi schnell Prozeduren duerch verbindlech Delaien.
  • Manner Impaktstudien.
  • De superreduzéierten TVA-Saz fir de Bau vu Locatiounswunnengen erëm aféieren.
  • Privat Acteure motivéieren an de Bau vu Locatiounswunnengen ze investéieren.

Klima a méi erneierbar Energie

  • Jo zu den europäesche Klimaziler.
  • Massiven Ausbau vun erneierbaren Energien bis 2030.
  • Méi effikass Prozedure bei der energetescher Transitioun (fast-track-procedures).
  • Oppenheet géintiwwer neien Technologien.
  • „Guichet unique“: eng Ulafstell fir Demande an Autorisatioun am Ëmweltberäich.

Eng kompetitiv Wirtschaft

  • Fir en nohaltegen an inklusive Wuesstem.
  • 20 Prozent manner administrativen Opwand.
  • Steiervirdeeler fir Investissementer an déi digital an déi ekologesch Transitioun.
  • Verstäerkt Ënnerstëtzung vu klengen a mëttelstännegen Entreprisen an Handwierksbetriber (Aus- a Weiderbildung, Generatiounewiessel asw.).
  • Neigestaltung vun der Aarbechtszäitorganisatioun am Sozialdialog.
  • Erhale vun der Kompetitivitéit vun der Finanzplaz an Ausbau zur Nummer 1 am Beräich vun der „Green Finance“.
  • Promotioun vum Standuert Lëtzebuerg fir bestoend an nei Betriber aus der Industrie an anere Secteure vun der Ekonomie.
  • Stäerkung vu Landwirtschaft, Wäibau an nohalteger Liewensmëttelproduktioun.
  • Stäerkung vum Statut vun den Independanten mat enger besserer sozialer Ofsécherung.
  • Ugläiche vun der Kierperschaftssteier un den Duerchschnëttssaz vun den OECD-Länner.
  • Bäibehale vum AAA-Rating bei de Staatsfinanzen.

Besser medezinesch Versuergung

  • Manner Waardezäiten.
  • Méi „Maison médicales“ mat 24-Stonne-Betrib.
  • Méi Dokteschpraxisse mat sophistiquéierte medezineschen Apparaten (z.B. IRM) ausserhalb vun de Spideeler.
  • Ausbau a Verbesserung vun den Urgence-Servicer am ganze Land.
  • Méi Preventioun.

Méi Fräiheet duerch méi Sécherheet

  • 700 zousätzlech Polizisten.
  • Méi Police-Presenz, manner administrativ Aarbecht.
  • Kameraen op kritesche Plazen. 
  • Séier Geriichtsprozeduren bei Inflagranti-Strofdoten.

Eng zäitgeméiss ëffentlech Schoul

  • Méi Fërderung vun de Skills vum 21. Joerhonnert amplaz reng Wëssensvermëttlung.
  • Nei-Ausriichtung vum Sproochenunterrecht mat méi Flexibilitéit a méi Choix fir de Schüler.
  • Aféierung vun enger wierklecher Hausaufgaben-Hëllef an der Grondschoul, amplaz vun enger Hausaufgabe-Surveillance.
  • Opbrieche vun de klassesche Sektiounen am Enseignement secondaire mat méi Wielméiglechkeeten tëschent verschiddenen Haapt- an Niewefächer.
  • Stäerkung vun der Beruffsausbildung durch Schafung vun neie Perspektive mat dualen Héichschoulausbildungen.

Mobilitéit für jiddereen an iwwerall

  • Entlaaschtung vun Uertschafte mat massivem Duerchgangsverkéier duerch de Bau vun engem Contournement.
  • Verlängerung vum Tram-Reseau bis an d’Nopeschgemenge vun der Stad Lëtzebuerg.
  • Zich mat méi Passagéierkapazitéit, Presenz vu Begleet- a Sécherheetspersonal a besser Ubannung un dat internationaalt Eisebunnsnetz.
  • Landeswäiten Ausbau vun duerchgängege Velos- a Foussgängerweeër.  

Digitale Staat

  • Beschleunegung vun der Digitaliséierung vun allen administrative Prozeduren.
  • Aféierung vum „Only once“-Prinzip mam Zil, dass Bierger a Betriber bestëmmten Informatioune just eemol u Ministèren, Gemengen oder Verwaltunge schécke mussen.
  • Steierlech Ureizer fir Entreprisen bei der digitaler Transitioun.
  • Ënnerstëtzung vun der Blockchain-Technologie a Begleedung vun der Kënschtlecher Intelligenz als wichteg Innovatioune vun der digitaler Transformatioun vu Wirtschaft a Gesellschaft.