Skip to content

WÉI VILL PATIENTE SI BIS EWELL AM KADER VUM LONG-COVID-PROGRAMM BEHANDELT GINN?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Am Juli 2021 huet d’Regierung e Pilot-Projet fir eng multi-disziplinär Behandlung vu Long-Covid-Patiente presentéiert. Zanterhier ginn déi betraffe Patienten am CHL, an der Rehaklinik du Centre hospitalier neuro-psychiatrique (CHNP), am Rehazenter an am Domaine thermal Mondorf behandelt. Mengen Informatiounen no krute verschidde Patienten, déi un dem Programm deelhuelen, trotzdeem e Refus vum Kontrolldokter vun der CNS. An dem Zesummenhang wollt ech folgend Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Wéi vill Patiente si bis ewell am Kader vum Long-Covid-Programm behandelt ginn?
  • Wéi vill Patiente kruten e Refus vum Kontrolldokter, obwuel e Spezialist virdru Long-Covid diagnostizéiert hat a si am Kader vum Long-Covid-Programm behandelt goufen?
  • Firwat gëtt bei Patienten, déi am Kader vum Long-Covid-Programm behandelt ginn, d‘Diagnos vum Spezialist net d’office vun der CNS unerkannt?
  • Wéi vill huet de Projet Long-Covid bis ewell kascht?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Max Hengel,
Deputéierten

Beitrag teilen