Skip to content

LAUT EISEN INFORMATIOUNE ASS DE PRODUZENT VUN DE BORNË VUM CHARGY NETZ REZENT FAILLITE GAANGEN. WANN JO, WÉI LAANG ASS SÉCHERGESTALLT, DASS DE SERVICE WEIDERHIN ASSURÉIERT GETT?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Energie weiderzeleeden.

Méi wei 700 ëffentlech Luetstatiounen stinn mëttlerweil Lëtzebuerg den Notzer vun Elektro- a Plug-in-Hybrid-Gefierer zur Verfügung. Fir als Notzer um Chargy-Netz kenne ze lueden brauch een just een Kontrakt mat engem Service-Ubidder ofzeschléissen mat deem een dann Accès zu alle Luetstatioune vum Chargy -Netz kritt.

Laut mengen Informatioune wier rezent de Produzent vun de Bornë vum Chargy Netz Faillite gaangen. Des Situatioun géif eng sëlleg Froen opwerfen notamment a Saache Maintenance vun der Infrastruktur awer och um Niveau vun de Netz-Bedreiwer vun de Statiounen, vun der Service-Ubidder respektiv de Notzer vum Chargy Netz.

An dësem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Minister fir Energie stellen.

  • Kann den Här Minister des Informatioun confirméiere?
  • Wann jo,
  • wei soll de Netz-Bedreiwer, an dësem Fall CREOS, a Zukunft den Entretien vun der bestoender Infrastruktur assuréiere kënnen?
  • ass den Austausch vun den Daten tëschent dem “charge point operator” ergo dem Netz-Bedreiwer an dem “emobility service provider” weiderhi séchergestallt, Austausch deen ee brauch fir zum Beispill d’Facturatioun kennen ze maachen ?
  • wei laang ass séchergestallt, dass de Service weiderhin assuréiert gett?
  • wei héich ass de Risiko, dass een net méi op de Borne ka lueden?
  • wier duerch des Faillite mat zousätzleche Käschte fir de Staat ze rechnen? Wéi eng Käschte kéinten op de Staat duerkommen an a wei enger Héicht? Riskéiert de Chargy Notzer méi héich Käschte fir säi Stroum mussen ze bezuelen?
  • Wei eng Konsequenzen hätt des Faillite generell op Notzer vun de Chargy-Luetstatiounen?
  • Wat wiere d’Konsequenze vun sou enger Faillite fir d’Service-Ubidder?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Max Hengel
Deputéiert

Beitrag teilen