Skip to content

Q.P. mat Äntwert: Virum Joreswiessel kruten d‘Bauere vun der Douanes- an Akziseverwaltung eng Opfuederung geschéckt, fir d’Steiere fir hir Trakteren ze bezuelen…

Här President,
Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Transportministerin an un den Här Finanzminister weiderzeleeden. Wéinst dem Stéchdatum géif ech Iech bieden, hir en Drénglechkeetscharakter zouzeerkennen.
Virum Joreswiessel kruten d‘Bauere vun der Douanes- an Akziseverwaltung eng Opfuederung geschéckt, fir d’Steiere fir hir Trakteren ze bezuelen, dat obwuel landwirtschaftlech Maschinnen net steierflichteg sinn. Eisen Informatiounen no soll et sech dobäi ëm en Iertum vun enger Déngschtstell, der SNCA, handelen. Wéi et an deem Schreiwes heesche géif, wär d’Tax bis den 12. Januar 2024 ze bezuelen.
Dofir wollt ech follgend Froen un d’Madamm Transportminister an un den Här Finanzminister stellen:
•Stëmmt et, datt d‘Traktersbesëtzer eng Opfuederung kruten, fir Steieren op hirenTrakteren ze bezuelen?
oWa jo, wéi vill Formulaire si verschéckt ginn?
•Kënnt Dir eis Informatioune bestätegen, datt et sech dobäi ëm en Iertum handelt?
•Wéini a ggf. wéi wäert déi zoustänneg Verwaltung déi betraffe Besëtzerinforméieren an hinnen offiziell matdeelen, wat ze maachen ass?
•Wann et en Iertum ass, a well den Datum vum Verschécken an dee vum Bezueleganz no beienee leien, an dat iwwer d’Feierdeeg, fënnt d’Regierung et net ubruecht, fir am Virfeld eng offiziell Kommunikatioun, eventuell a Form vun engemCommuniqué o.ä., ze maachen, fir déi Betraffe vum richtege Sachverhalt zeinforméieren?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.


Octavie Modert
Deputéiert

Gemeinsam Äntwert vum Här Finanzminister Gilles Roth an der Madamm Ministerin fir Mobilitéit, Yuriko Backes, op d’parlamentaresch Froen n° 150 vum 4. Januar 2024 vun der éierbarer Deputéierten Octavie Modert

Verschidden Traktersbesëtzer krute virum Joreswiessel fälschlecherweis vun der Douanes- an Akziseverwaltung eng Opfuederung geschéckt, fir d’Autossteier op hir Trakteren ze bezuelen.
Dësen Iertum ass op e Feeler an engem Informatiksprogramm vun der Douanes- an Akziseverwaltung zeréck ze féieren. De Feeler gouf zanter hir behuewen.
346 Traktersbesëtzer si vun dëser falscher Opfuederung betraff.
D’Douanes- an Akziseverwaltung mécht e Communiqué fir all concernéiert Leit a Betriber iwwert den Iertum ze informéieren.
All déi Concernéiert, déi scho bezuelt hunn, ginn eenzel ugeschriwwen, fir dass si hir Suen direkt kënne rembourséiert kréien.
Dësen onglécklechen Virfall ass reng nëmmen engem Feeler an engem Informatiksprogramm geschëllt. Et handelt sech deemno net ëm eng Simulatioun vu Recetten.


Lëtzebuerg, de 5. Januar 2024
De Finanzminister
(s.) Gilles Roth

Beitrag teilen