Skip to content

Changementer an der Fraktioun an am Bezierk

De Ricardo Marques iwwerhëlt Presidence vum Bezierk Osten.

Den 31 järegen Iechternacher ass och Deputéierten an der Chamber a war bis elo Vize-Präsident vum Bezierk, virdrun CSJ Oste Präsident.

Zesumme mam ganze Comité wäert hien sech fir den Oste staark maachen.

D’Ost-Deputéiert Stéphanie Weydert ass iwwerdeems nei Vize-Fraktiounspresidentin. Zesumme mam Marc Spautz an Diane Adehm leed Stéphanie lo d‘Geschécker vun CSV Fraktioun an der Chamber.

Mam Stéphanie Weydert, Octavie Modert a Ricardo Marques huet CSV Osten eng dynamesch, kompetent an engagéiert Ekipp an der Chamber.

CSV Ost-Deputéiert: v.l.n.r. Ricardo Marques; Octavie Modert; Stéphanie Weydert

Beitrag teilen