Gesäit de Kulturministère oder de Fonds pour les momuments historiques speziell finanziell Bäihëllefe vir, zousätzlech zu den allgemengen Bäihëllefe vun der Regierung fir héichwaassergeschiedegt Haiser?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Kulturminister weider ze leeden.

Déi rezent Iwwerschwemmungen hu besonnesch eis Duerf- a Stadkären a vill historesch Haiser a Baute getraff. Grad dës historesch an eeler Haiser prägen dacks entscheedend de Cachet vun eisen Uertschaften. Si sinn e wichtegen Deel vun eisem kulturelle Patrimoine. Si ënnerleien dacks engem nationalen oder kommunalen Schutz, oder sinn op nationalem Plang klasséiert.

An dësem Kontext géif ech gär folgend Froen un d’Regierung stellen:

D’Renovéierung vun historescher Bausubstanz ass nach méi eng grouss Erausfuerderung wéi déi vu rezent gebauten Haiser, an ënner den aktuellen Ëmstänn ass dëst sécher nach méi komplizéiert, well plazeweis och eng Rei vun Ännerungen an den techneschen Installatiounen virgeholl musse ginn.

  • Wéi gestalt sech ënner den momentanen Ëmstänn, wou grouss Deeler vum Land vum Héichwaasser betraff waren, d’Berodung an d’Begleedung vun den Zerwisser vum Ministère a besonnesch vum nationalen Denkmalschutzamt op der Plaz an un déi betraffe Mënschen, fir hinnen bäi de Renovéierungen bäizestoen a si ze beroden ?

 

  • Gesäit de Kulturministère oder de Fonds pour les momuments historiques speziell finanziell Bäihëllefe vir, zousätzlech zu den allgemengen Bäihëllefe vun der Regierung fir héichwaassergeschiedegt Haiser? Ginn déi speziell Subventiounen iwwer déi eraus, déi d’Instanze vum Kulturministère am normalen zousoen ?

 

  • Wann dat bis elo net de Fall wär, ass d’Madamm Minister net der Meenung, dat déi schwiereg Situatioun, wou vill Mënschen eng grouss finanziell Laascht ze droen hunn duerch d’Héichwaasserschied, esou eng aussergewéinlech finanziell Ënnerstëtzung verlaangt, fir esou de Betraffenen ze hëllefen, eng besonnesch Récksiicht op historesch Bausubstanz huelen ze kënnen ?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déiwe Respekt unzehuelen.

Octavie Modert

Deputéiert

Wat sinn déi éischt Konklusiounen no deem déidleche Virfall zu Ettelbréck, wou eng Persoun no engem Schoss blesséiert gouf, an duerno am Spidol gestuerwen ass.

Monsieur le Président,

Par la présente, j’ai l’honneur de vous informer que, conformément à l’article 81 du Règlement de la Chambre des Députés, nous souhaiterions poser une question urgente à Monsieur le Ministre de la Sécurité intérieure.

D’après les informations communiquées par le parquet de Diekirch ce 1er août 2021, une personne a été mortellement blessée le samedi 31 juillet 2021 à Ettelbruck dans le cadre d’une intervention policière.

Après un vol avec violences commis à Hosingen, cette personne avait obligé un conducteur de voiture à quitter son véhicule sous la menace d’un couteau pour ensuite s’enfuir avec le véhicule volé en direction d’Ettelbruck. La police, ayant pris connaissance des crimes commis, a réussi à arrêter le véhicule à Ettelbruck. La personne conduisant la voiture est sortie de la voiture et a attaqué les officiers de police avec un couteau. L’un des policiers a dû faire usage de son arme de service. La personne a été grièvement blessée et a succombé à ses blessures à l’hôpital.

D’après le communiqué du parquet de Diekirch, une instruction judiciaire a été ouverte et l’Inspection générale de la police a été chargée de la suite de l’enquête.

Dans ce contexte, nous voudrions poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de la Sécurité intérieure :

  • –  Est-ce que Monsieur le Ministre est informé des premières conclusions de l’enquête en cours et a notamment des informations sur le déroulement exact des évènements ? Est-ce que l’agresseur était connu des services de police ? Avait-il déjà commis d’autres crimes dans le passé ?
  • –  Dans quelles circonstances est-ce que les officiers de police ont le droit de faire usage de leur arme à feu ? Est-ce que les officiers de police profitent d’un entraînement spécial pour les aider à faire face à ce type de situation ?
  • –  Sur les réseaux sociaux, on peut lire de nombreux commentaires négatifs par rapport au comportement des officiers de police. Est-ce que Monsieur le Ministre compte réagir et informer le public sur le bien-fondé des actions des officiers de police ?Nous vous prions d’agréer, Monsieur le Président, l’expression de notre très haute considération.

Monsieur Fernand Etgen Président de la Chambre des Députés

Luxembourg, le 1er août 2021

 

Léon Gloden Député

Marc Spautz Député

Laurent Mosar Député

Gilles Roth Député

Sollt dat aktuellt Strofmooss bei sexuellem Mëssbrauch a Vergewaltegung net méi streng gemaach ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.

An engem rezenten Artikel aus dem Lëtzebuerger Wort, kann een de couragéisen Temoignage vun enger jonker Fra noliesen, di jorelaang vun engem Museksdirigent sexuell mëssbraucht gouf. Si huet elo decidéiert fir hiert Erlieften public ze maache fir esou och aner Affer ze encouragéiere fir doriwwer ze schwätzen, an esoumadder aanerer ze sensibiliseieren an ze warnen.

Si war net di eenzeg di Affer vu sengen Dote gouf, a sou koum et datt den Täter ugeklot gouf wingst sexuellem Mëssbrauch, sexuell Nötigung a Vergewaltegung.

D’Strofmooss war 8 Joer op Sursis an eng Geldstrof. Fir di betraffe Fraen ass dëst Jugement eng weider Demütegung.

D’Unzuel vu sexuellen Iwwergrëffer geet all Joer an d’Luucht, mee vill Affer maache keng Plainte, dëst well se Angscht hunn datt den Täter duerch di aktuell Gesetzer awer weiderhin op fräie Fouss bleift.

An dësem Kontext well ech folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen :

  • Ass d’Madamm Ministesch der Meenung datt dat aktuellt Strofmooss bei sexuellem Mëssbrauch streng genuch ass ?
  • Gedenkt d’Madamm Ministesch um penale Plang Adaptatioune vir ze huelen, fir d’Strofmooss bei sexuellem Mëssbrauch méi streng ze maachen ?
  • Wa jo, wat genau ass virgesinn ?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto

Deputeiert

Wéi gesäit et mat der Iwwerpréiwung vun de “chèques-service accueil”, CSA aus wéi nom Koalitiounsofkommes 2018-2023 virgesinn?

Herr Präsident,

So wie der Artikel 80 der Abgeordnetenkammerregelung es vorsieht, bitte ich Sie diese parlamentarische Frage an den zuständigen Bildungsminister zu stellen.

Im Koalitionsabkommen von 2018 – 2023 heißt es; „Die Finanzierung der Kinderbetreuung über das derzeitige System der Gutscheine für Kinderbetreuung (“chèques-service accueil”, CSA) soll untersucht werden. Dabei soll die Möglichkeit der Einführung eines neuen Finanzierungssystems geprüft werden, das leistungsfähiger und weniger komplex ist.“

In diesem Kontext würde ich gerne folgende Fragen an den zuständigen Minister stellen:

  1. Inwieweit sind die Untersuchungen bereits fortgeschritten? Gibt es bereits vorzeigbare Resultate?
  2. Reichen die 6 Euro noch immer aus, um eine qualitativ hochwertige Betreuung und die neuen Anforderungen zu erfüllen?
  3. Hat die Regierung bereits CSA Berechnungen gemacht, um zu überprüfen, ob das aktuelle Finanzierungssystem für die Kinderbetreuung von heute noch reicht?
  4. Wie viele Strukturen mussten seit 2017 schließen oder verkaufen?

 

Herr Präsident, ich bitte Ihnen meinen tiefsten Respekt anzunehmen.

 

Françoise Hetto

Abgeordnete

 

No de rezenten Iwwerschwemmunge stelle vill Privatleit a landwirtschaftlech Betrieber sech Froen iwwert den Ëmgang mam Reschtschlamm

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneministesch an un den Här Minister vun der Landwirtschaft, dem Wäibau an der ländlecher Entwécklung weider ze leeden.

No de rezenten Iwwerschwemmunge stelle vill Privatleit sech Froen iwwert den Ëmgang mam Reschtschlamm an hire Privatgäert. An déi selwecht Froe stellen sech och vill landwirtschaftlech Betriber. Och a grad, wat hiert Véi ugeet.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéi gesinn déi genee Consignë vun der Regierung aus, wat den Ëmgang mat Reschtschlamm no den Iwwerschwemmungen ugeet?
  2. Wéi solle Privatleit an dem Kontext mat hire Privatgäert ëmgoen? Wat fir eng Sécherheetsmesurë sinn eventuell ze huelen, z.B. wat d’Geméis ugeet?
  3. Wéi solle landwirtschaftlech Betriber sech hei verhalen? Grad och Betriber mat Béischten op landwirtschaftleche Flächen?
  4. U wien kënnen d’Leit sech mellen, wann se wieder Hëllef oder präzis Informatioune brauchen?
  5. Ass virgesinn, datt d’Regierung d’Käschte ganz oder deelweis vun eventuell néidegen Analyse vu Buedemprouwen iwwerhëllt?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Léon Gloden                           Octavie Modert

Deputéierten                               Deputéiert        

Hunn a verschidde Gemengen d’Maisons relais elo wärend der Summervakanz opgehale Covid19- Schnelltester ze offréieren?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech folgend parlamentaresch Froun den Här Bildungsminister weiderzeleeden.

 

Eisen Informatiounen no, hunn a verschidde Gemengen d’Maisons relais elo wärend der Summervakanz opgehale Covid19- Schnelltester ze offréiere fir datt sech d’Kanner kënnen teste loossen. Di betraffe Schüler hunn domadder just d’Méiglechkeet fir sech reegelméisseg bei hirer Gemeng ze melle fir do en zertifiéierten Auto-Schnelltest kënnen ze maachen.

Dëst obwuel d’Aféierung vu Schnelltester an de Schoulen- a Betreiungsstrukturen e weideren Deel vun der Covid-Strategie vum MEN duerstellt.

An deem Kontext welle mir folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Kann de Minister eis des Informatioune bestätegen?
  • Wa jo, wat sinn d’Grënn firwat eenzel Betreiungsstrukture keng Schnelltester wärend der Summervakanz offréieren?
  • Hunn di eenzel Strukturen genuch Material fir ze testen ?

 

Mat déifstem Respekt,

 

Martine Hansen                                                                                Françoise Hetto

Co-Fraktiounspresidentin                                                                      Deputéierten

 

Wéi eng 11 Crèchen hunn zënter 2017 hier Zouloossung verluer an firwat ?

Gemäß Artikel 80 der Geschäftsordnung der Abgeordnetenkammer, bitte ich Sie, die vorliegende parlamentarische Anfrage an den Herrn Minister für Bildung, Kinder, Jugend, Hochschule und Forschung weiterzuleiten.

Laut eines Artikels auf essentiel.lu wurden den Kinderkrippen Butzestuff Gasperich, Belair und Babillou ihre Zulassung entzogen. Auf Nachfrage beim Bildungsministeriums hin wurde bestätigt, dass seit 2017 elf Bildungs- und Betreuungseinrichtungen (SEA) in Luxemburg die Zulassung verloren haben, davon fünf seit Jahresbeginn.

In diesem Zusammenhang möchte Ich folgende Fragen an den Herrn Minister stellen :

  • Herr Minister, um welche 11 Strukturen handelt es sich genau die seit 2017 ihre Zulassung verloren haben (private oder staatliche Strukturen)?
  • In welcher Region des Landes mussten die betroffenen Strukturen schließen?
  • Wie viele Kinder verloren durch die Schließung der 11 Strukturen ihren Kita-Platz?
  • Welche genauen Kriterien erfüllten die Strukturen nicht (mehr)?

Es zeichnet hochachtungsvoll.

 

Françoise Hetto-Gaasch

Abgeordnete

Gedenkt d’Regierung an Zukunft d’Primme fir d’Elektromobilitéit och op esou Hëllefsmëttel fir Rollstill ze erweideren?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu Subside fir d’Elektromobilitéit un d’Ministesch fir Ëmwelt an d’Ministesch fir Gesondheet weider ze leeden.

Zanter puer Joer ginn et Primme fir esou d’Elektromobilitéit zu Lëtzebuerg ze fërderen. Sou kritt een zum Beispill eng Primm vu bis zu 1000€ fir en 100% elektresch bedriwwene liichten Auto oder Motorrad. Doniewent gëtt et awer och eng Primm vu bis zu 600€ fir en (elektresche bedriwwene) Vëlo. Hautdesdaags ginn et awer och Rollstill, déi mat engem klengen elektreschen Zousazmotor funktionéieren, entweder als reng Traktiounshëllef, oder ënner der Form vun engem sougenannten Handbike mat Elektroënnerstëtzung. Dës zousätzlech Hëllefen erlaben et dem Benotzer sech vill méi einfach kënne virun ze beweegen, méi grouss Strecken zeréckzeleeën, Montéeën ze iwwerwannen, … Am Fall vum Handbike mat Elektroënnerstëtzung,  erlaben si och nach de Benotzer sech sportlech ze betätegen, genee wéi dat bei engem “cycle à assistance électrique” ass. Dës Hëllefsmëttel kënnen domadder e grousse Gewënn un Liewensqualitéit fir hier Benotzer duerstellen an hëllefen och d’Mobilitéit nohalteg méi propper ze maachen.

Eisen Informatiounen no sinn esou Hëllefsmëttel allerdéngs vun de Primmen zur Elektromobilitéit ausgeschloss

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Deelt d’Regierung eis Meenung, dass esou Hëllefsmëttel och een Deel vun der Elektromobilitéit sinn?
  • Gedenkt d’Regierung an Zukunft d’Primme fir d’Elektromobilitéit och op esou Hëllefsmëttel fir Rollstill ze erweideren?

 Här President mir bieden Iech onse déifste Respekt unzehuelen.

              

Martine Hansen       Françoise Hetto-Gaasch

Deputéierten            Deputéierten

Froen zu dem Presse-Artikel dass 200 Police-Schüler a Quarantaine sinn,  nodeems an de leschten Deeg 12 Rekrutte positiv op Covid-19 getest goufen

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet an un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Laut engem aktuelle Presse-Artikel sinn am Moment ronn 200 Police-Schüler, de kompletten 1. Joergang, a Quarantaine, nodeems an de leschten Deeg 12 Rekrutte positiv op Covid-19 getest goufen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Waren déi concernéiert Police-Schüler schonn aktiv mat op Patrullen ?
  2. Wa jo, waren si evtl. bei de Patrullen dobäi déi um Virowend vum Nationalfeierdag op enger Rei Platzen am Nuetsliewe Kontrolle gemaach hunn a wou een dovun ausgeet datt do Clusteren entstane sinn ?
  3. Wa jo, wat fir Mesure gi geholl fir d’Beamten an esou Situatioune beschtméiglech virum Virus ze schützen ?
  4. Wann nee, ass gewosst wou déi 12 Police-Schüler sech ugestach hunn ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Léon Gloden

Deputéierten

Misst net méi kloer op Liewesmëttel gekennzeechent ginn, wann Alkohol an de Liewesmëttel ass?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet a Konsumenteschutz weider ze leeden.

Leit déi Alkoholproblemer haten dierfen no engem Entzuch guer keen Alkohol méi konsuméiere well si dann direkt erëm riskéiere réckfälleg ze ginn. Dëst gëllt och fir Alkohol a Liewensmëttel wéi Sausen, Glacen, Desserten etc.
Et muss een awer feststellen datt, am Géigesaz zu enger ganzer Rei Allergenen, den Alkohol als Ingredient vu Liewensmëttel net esou däitlech gekennzeechent muss ginn. Dëst betrëfft net nëmmen alkoholkrank Leit mee och Kanner.
Aus dësem Grond wollt ech folgend Froen un d‘Regierung stellen:

Deelt d’Regierung d’Meenung datt et noutwendeg wier fir den Alkohol an de Liewensmëttel méi däitlech ze kennzeechnen?
Wa jo, wat gedenkt d’Regierung op nationalem an europäeschem Plang ze ënnerhuele fir dës Iddi an d‘Weeër ze leeden?
Wann nee, aus wéi enge Grënn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Françoise Hetto-Gaasch
Deputéiert