Wat ass d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung par Rapport zu enger signifikanter Reduktioun vun der Offer vu Kuerzstreckeflich ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Mobilitéitsminister weiderzeleeden.

Den EU-Klimakommissär Frans Timmermans huet sech dëser Deeg géint Kuerzstreckeflich ausgeschwat. Bei Strecken vun ënner 600 a bis 800 Kilometer soll et net méi sënnvoll sinn, de Fliger ze huelen, well et méi laang géif daueren. D’Kuerzstreckeflich sollen awer net duerch e Verbuet ofgeschaaft ginn, sou den Vizepresident vun der EU-Kommissioun weider, mee d’Attraktivitéit vun der Eisebunn als Laangstrecke-Verkéiersmëttel soll verbessert ginn. Doriwwer eraus fënnt den Här Timmermans, dass de Kerosin sou soll besteiert ginn, wéi déi aner Carburanten och.
An dësem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Mobilitéitsminister stellen :
Sinn déi europäesch Transportministeren respektiv déi eenzel national Ministere vum EU-Klimakommissär zu dësem Thema consultéiert ginn ?
Wa jo, wéi eng alternativ Ubannunge proposéiert den Här Timmermans op de sougenannte Fliger-Kuurzstrecken fir Lëtzebuerg – wëssend, dass d’Verbindunge mat Däitschland a mat der Belsch net zefriddestellend sinn an dass et keen Nuetszuch gëtt, deen iwwer Lëtzebuerg verleeft ?
Wat ass d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung par Rapport zu enger signifikanter Reduktioun vun der Offer vu Kuerzstreckeflich ?
Wéi eng Initiative gedenkt d’Regierung ze huelen, fir Lëtzebuerg als Zwëschestopp fir international Nuetszich interessant ze maachen ? An dësem Kontext sief un e Projet fir en Nuetszuch vu Bréissel a Richtung Südfrankräich mat Perpignan als Terminus erënnert, dee vum Fréijoer 2022 u soll fueren – allerdéngs laanscht Lëtzebuerg.
Wéi wëll den Här Mobilitéitsminister generell d’Attraktivitéit vun der Eisebunn als Alternativ zum Fliger oder zum Auto op gréissere Strecken an d’Luucht setzen ?
Wéi eng Auswierkungen hätte manner Kuerzstreckeflich fir de Lëtzebuerger Flughafen am Allgemengen a fir d’Luxair am Besonneschen ? Wéi staark wier de finanziellen Impakt vun enger Kerosin-Besteierung op hir Viabilitéit ?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

Serge Wilmes                 Octavie Modert
Deputéierten                  Deputéiert

Fierwat gedenkt de Minister net och fir op lokal Ubidder aus Lëtzebuerg mat lokale Produiten zeréckzegräife fir d’Flüchtlingsstrukture mat Liewensmëttel ze beliwweren? Wat sinn d’Grënn fir dës Entscheedung?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zur Liwwerung vu Liewensmëttel a Flüchtlingsstrukturen un den Här Immigratiounsminister weider ze leeden.
Mengen Informatioune schafft den Office National de l‘Accueil (ONA) mat der Entreprise Heiko – Mein Kaufzuhaus aus Däitschland zesumme fir d’Flüchtlingsstrukturen zu Lëtzebuerg mat frësche Liewensmëttel ze beliwweren. D’Bewunner vun dëse Strukture kënnen da bequeem op der Plaz akafen ouni sech mussen ze deplacéieren. Et ginn awer och Ubidder vu lokal produzéierte Liewensmëttel aus Lëtzebuerg op déi ee kéint zeréckgräifen. Doduerch géif een och di lokal Consommatiouns- a Produktiounskette stäerken, di mer zënter der Corona-Kris nach méi wäertschätze geléiert hunn.
An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:
Kann den Här Immigratiounsminister di uewe beschriwwen Informatioune confirméieren?
Wann jo, wat sinn d’Grënn fir des Entscheedung?
Gedenkt de Minister net och op lokal Ubidder aus Lëtzebuerg mat lokale Produiten zeréckzegräife fir d’Flüchtlingsstrukture mat Liewensmëttel ze beliwweren? Wat sinn d’Grënn fir dës Entscheedung?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Françoise Hetto-Gaasch
Deputéierten

Gëtt den Centre-douanier Est zu Gréiwemaacher zougemaach?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weider ze leeden.

Mengen Informatiounen no soll de Centre-douanier Est zu Gréiwemaacher zougemaach ginn. Nieft der Recette, de Brigadë Contrôle Transport a Contrôle Santé ass dësen Douane-Büro deen eenzegen deen zoustänneg ass fir d’Kontrolle vun alle Brennereien am Land, vun deenen déi meescht tëscht Schengen an Iechternach sinn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung dës Informatioune confirméieren?
  • Wa jo, wat sinn d’Grënn fir dës Decisioun?
  • Wéi e Centre-Douanier soll déi Aufgaben dann elo iwwerhuelen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Léon Gloden

Deputéierten

Wat huet Regierung wëlles mat den Investmenter an de Sektor vun der Recherche?

Monsieur le Président,

Par la présente, j’ai l’honneur de vous informer que, conformément à l’article 83 du Règlement de la Chambre des Députés, je souhaiterais poser une question parlementaire à Monsieur le Ministre de l’Enseignement supérieur et de la Recherche et à Monsieur le Ministre des Finances.

Jusqu’à présent les Gouvernements successifs poursuivaient une politique faisant évoluer de façon continue les investissements dans le secteur de la recherche. Le Gouvernement actuel en faisait preuve lors de la dernière programmation budgétaire pluriannuelle de l’Etat, adoptée par la Chambre des Députés en décembre 2020.

Cependant, selon des informations diffusées par l’OGBL, il serait prévu de geler la dotation budgétaire de l’Etat pour frais de fonctionnement de l’Université de Luxembourg ainsi que des trois Centres de Recherche publics. Parmi eux le « Luxembourg Institute of Health » (LIH) qui a joué un rôle majeur dans la gestion et l’analyse de la crise pandémique Covid-19. D’après l’OGBL la contribution budgétaire de l’Etat resterait au même niveau que pour l’année en cours (43.260.000 euros selon la loi du 19 décembre 2020 relative à la programmation financière pluriannuelle pour la période 2020-2024 dite « Budget pluriannuel 2021-2024 ») au moins pendant les deux années suivantes, et même sans tenir compte des prochaines évolutions salariales et indiciaires.

Ainsi le LIH se verrait privé d’une augmentation financière annuelle de 2,30 respectivement 1,50 pour cent pour les années 2022 et 2023, c.-à-d. il ne se verrait pas décerner l’intégralité des sommes prévues à hauteur de 44.300.000 respectivement 44.970.000 euros selon le « Budget pluriannuel 2021-2024 ».

C’est dans ce contexte que je voudrais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de l’Enseignement supérieur et de la Recherche et à Monsieur le Ministre des Finances :

  • Messieurs les Ministres peuvent-ils confirmer que l’Université et les Centres de recherche publics ne se verront pas allouer les contributions budgétaires de l’Etat prévues pour les années 2022 respectivement 2023 au budget pluriannuel ?
  • Dans l’affirmative, Messieurs les Ministres peuvent-ils me renseigner sur les concertations respectivement les discussions qui furent menées préalablement à cette prise de décision  ?
  • Messieurs les Ministres peuvent-ils me renseigner sur les conséquences que cette mesure aura pour le fonctionnement du LIH de façon générale et, plus précisément, pour le travail de recherche lié à la crise Covid-19 – pendant et au-delà de cette dernière ?
  • Comment le LIH pourra-t-il jouer son rôle essentiel d’accompagnement de la crise sanitaire à budget amputé, compte tenu du fait qu’un budget alloué essentiellement sur projet ne permet pas une planification sûre voire à long terme ?
  • Considérant que les contrats pluriannuels actuels viennent à échéance fin 2021, est-ce que le gel des contributions étatiques s’inscrit dans le cadre des négociations des conventions de la prochaine période pluriannuelle ?
  • Quel est l’état des renégociations des conventions pluriannuelles avec les établissements universitaire et de recherche pour la période quadriennale suivante ?

 

Je vous prie d’agréer, Monsieur le Président, l’expression de ma très haute considération.

 

Octavie Modert

Députée

Op de CCP vun der POST waren 2020 3 Milliarden Euro. Dat ass problematesch fir d’POST déi dorop negativ Interêten bezuele muss. Wat gedenkt d’Regierung hei ze ënnerhuelen fir der POST ze hëllefen ?

Monsieur le Président,

Par la présente, nous avons l’honneur de vous informer que, conformément à l’article 83 du Règlement de la Chambre des Députés, nous souhaiterions poser une question parlementaire à Monsieur le Ministre de l’Economie.

Lors de la présentation de ses résultats le mardi 18 mai 2021, POST Luxembourg a évoqué la situation de ses services financiers postaux, dont les comptes CCP. D’après les informations diffusées par la presse, les dépôts sur les CCP sont en hausse et ont atteint en 2020 le montant d’environ 3 milliards d’euros. Cela a des conséquences pour POST Luxembourg, qui doit payer des taux d’intérêt négatifs. Il s’agit d’une situation qui ne serait à terme plus tenable pour l’opérateur de services postaux et de télécommunications, qui envisage dès lors d’introduire des taux négatifs sur les comptes de ses clients sur lesquels se trouvent plus de 100.000 euros. De plus amples détails concernant l’avenir des CCP devraient être connus cet automne.

Dans ce contexte, nous voudrions poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de l’Economie :

  • Comment Monsieur le Ministre évalue-t-il la situation ?
  • Monsieur le Ministre a-t-il connaissance du taux négatif envisagé à l’heure actuelle par POST Luxembourg ? Quelle est l’ampleur de cette décision sur les finances de la société ?
  • POST Luxembourg explique à juste titre que de nombreux clients possédant des CCP n’ont pas d’autre compte bancaire. Est-ce que le Gouvernement est en contact avec l’opérateur pour assurer l’avenir des comptes CCP ?
  • Quels modèles économiques alternatifs pourraient être envisagés ?

Nous vous prions d’agréer, Monsieur le Président, l’expression de notre très haute considération.

 

Laurent Mosar                                                 Octavie Modert

Député                                                              Députée

Wéi ass der Regierung hier Positioun géigeniwwer dem Aktiounsplang deen d’EU ugekënnegt huet an deen virgesäit, datt Wënzer den Alkoholgehalt vun hirem Wäin mat Waasser verréngeren däerfen ?

Gemäß Artikel 83 der Geschäftsordnung der Abgeordnetenkammer bitten wir Sie, die nachfolgende parlamentarische Anfrage an den Herrn Minister für auswärtige und europäische Angelegenheiten sowie an den Herrn Minister für Landwirtschaft, Weinbau und ländliche Entwicklung weiterzuleiten.

 

 

Der Aktionsplan der EU zur „Verbesserung der Gesundheit der europäischen Bürger“ sieht vor, dass der Alkoholgehalt von Wein künftig durch die Zugabe von Wasser reduziert werden darf.

Dieser Prozess stellt eine Verwässerung bzw. das Panschen des Weines dar. Die per EU-Reglementierung geltende Definition von Wein sieht jedoch ein strenges Verbot der Zugabe von Wasser vor.

 

Für etliche Landwirtschaftsverbände stellt eine solche Einführung und Erlaubnis von Dealkoholisierung einen “sehr gefährlichen Präzedenzfall” dar, der die Identität des europäischen Weins gefährdet, indem die Natürlichkeit durch eine invasive Behandlung, die in den Transformationsprozess der Traube eingreift, beeinträchtigt werden könnte.

Die Landwirtschaftsverbände befürchten des Weiteren, dass die EU-Kommission den Wein aus den Förderprogrammen für Agrar-und Lebensmittelprodukte streichen könnte.

In diesem Sinne hat die italienische Regierung bereits mitgeteilt diesen Aktionsplan nicht mit zu tragen. Auch der italienische Senator Dario Stefano, Präsident der parlamentarischen Kommission für Europa-Politik warnte vor “Verwirrung auf dem Markt”, sollte der Plan Brüssels umgesetzt werden. Die Gefahr von Fälschungen zum Nachteil der Verbraucher wäre groß.

 

In diesem Zusammenhang möchten wir folgende Fragen an die Regierung stellen:

  • Wie sieht die Haltung der Regierung gegenüber dem von der Europäischen Union angekündigten Aktionsplan aus, der vorsieht, dass Winzer den Alkoholgehalt ihres Weines künftig durch die Zugabe von Wasser verringern dürfen?
  • Teilt die Regierung die oben beschriebenen Befürchtungen und Aussagen der Landwirtschaftsverbände sowie der italienischen Politik?
  • Beabsichtigt die Regierung, den Aktionsplan der EU zur „Verbesserung der Gesundheit der europäischen Bürger“, der vorsieht, dass Winzer künftig durch die Zugabe von Wasser den Alkoholgehalt ihres Weines verringern dürfen, mitzutragen?
  • Hat die Regierung vor, ihre bisher geltende Haltung zur Definition von Wein aufzugeben?

 

Mit vorzüglicher Hochachtung,

Laurent Mosar Octavie Modert
Abgeordneter Abgeordnete

Firwat ginn d´AgentInnen an der Fonction publique net alleguer fräigestallt fir sech impfen ze loossen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir d´Fonction publique weider ze leeden.

Mengen Informatioune no ginn am Kader vun der Impfcampagne d´AgentInnen a verschiddene Verwaltungen a Ministäre vun der Fonction publique net fir zwou Stonne fräigestallt, (sou wéi dat beispillsweis bei engem Rendez-vous beim Dokter de Fall ass) fir sech impfen ze loossen.

Ech wëll an dem Kontext folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Kann den Här Minister meng Informatioune confirméieren?
  • Wa jo, gëtt et do eng allgemeng Reegel fir all staatlech Verwaltungen a Ministèren?
  • Wa jo, firwat ginn d´AgentInnen an der Fonction publique net alleguer fräigestallt fir sech impfen ze loossen? Sinn eventuell Adaptatiounen un dëser Reegelung geplangt?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen

Léon Gloden

Deputéierten

Ass d’Lëtzebuerger Regierung da gewëllt, mat eisen däitschen Nopere gläichzezéien an och hei am Land eng Prioriséierung vun de Policebeamten bei der Impfstrategie anzeféieren?

Här President,

Esou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech Fro un d’Madame Minister fir Gesondheet an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

An der RTL-Radiosendung „Invité vun der Redaktioun“ haut Freideg, de 7. Mee, um 8.10 Auer huet den CGFP-President Romain Wolff sech fir eng prioritär Impfung vun de Policebeamte staark gemaach. Den Här Wolff huet dobäi op Däitschland verwisen, wou eng Prioriséierung vun ënner anerem de Polizisten bei der Impfstrategie besteet, well si am Déngscht vun der Allgemengheet schaffen. Fir Lëtzebuerger Polizisten, déi am däitsche Grenzgebitt wunnen, bedeit dat, dass si vun den däitschen Autoritéiten invitéiert ginn, sech prioritär impfen ze loossen.

Virun dësem Hannergrond wéilte mir folgend Froen un d’Madame Minister fir Gesondheet an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet stellen:

  • Kënnen d’Ministere confirméieren, dass Lëtzebuerger Polizisten, déi am däitsche Grenzgebitt wunnen, vun den däitschen Autoritéiten invitéiert ginn, sech prioritär impfen ze loossen?
  • Am Fall, wou dat sou ass, ass d’Lëtzebuerger Regierung da gewëllt, mat eisen däitschen Nopere gläichzezéien an och hei am Land eng Prioriséierung vun de Policebeamten bei der Impfstrategie anzeféieren?
  • Wa jo, firwat huet d’Regierung déi prioritär Impfung vun de Polizisten nach net decidéiert? A vu wéini un wier déi prioritär Impfung vun de Poliziste méiglech?
  • Wann nee, sinn d’Ministeren net der Meenung, dass d’Polizisten duerch d’Pandemie ënner nach méi schwéiere Konditioune musse schaffen an engem nach méi grousse Risiko ausgesat sinn?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar                                       Léon Gloden

Deputéierten                                        Deputéierten

Wann een dovun ausgeet datt d’Hausdéiere virum Staupe-Virus geschützt sinn, wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir ze verhënneren datt e groussen Deel vun der Fuusspopulatioun qualvoll um Staupe-Virus stierft?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro den Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung  an un d’Madamm Ëmweltminister weider ze leeden.

Gëschter war an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro gewuer ze ginn datt vu 35 Fuuss-Kadaveren der 18 positiv op de Staupe-Virus getest goufen. Dëse Virus, deen oft déidlech verleeft, trëtt bekanntlech beim Fuuss op, kann awer och op eis Hausdéieren iwwerdroe ginn. Doduerch datt notamment d’Hënn géint de Virus geimpft ginn, ass bis elo kee Fall vun esou enger Infektioun detektéiert ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Fro un déi concernéiert Ministere stellen:

Wann een dovun ausgeet datt d’Hausdéiere virum Staupe-Virus geschützt sinn, wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir ze verhënneren datt e groussen Deel vun der Fuusspopulatioun qualvoll um Staupe-Virus stierft?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

Wéi ass de Fortschrëtt vum „Dossier de soins partagé“ (DSP) 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d‘Madamm Gesondheetsminister an den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

Enn Dezember 2019 ass d’Testphase vum digitale Patientendossier „Dossier de soins partagé“ (DSP) clôturéiert ginn. Säit Januar 2020 gëtt den DSP generell agesat an am Oktober 2020 gouf eng Kommunikatiounscampagne „MyDSP“ lancéiert an all Affiliéiert perséinlech ugeschriwwen an opgeruff sech um Site anzeloggen a säin Dossier ze personaliséieren.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wéi vill Leit hunn sech mëttlerweil op MyDSP agelogged an déi gefroten Informatiounen uginn?
  • Goufen am Kader vun der Kommunikatiounscampagne och nach emol d’Dokteren ugehal mam DSP ze schaffen an och d’Patienten ze sensibiliséieren?
  • Ass gewosst wéi vill Doktere systematesch mam DSP schaffen?
  • Wëssend datt den DSP just effikass ass wann e systematesch benotzt gëtt vun allen Dokteren, an d’Patienten och hiren dofir Accord ginn, wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir datt den DSP zu engem generaliséierten Outil ka ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert