Skip to content

HUET D’REGIERUNG GEPLANGT, D’KÄSCHTESTRUKTUR VUN DE BIOGASANLAGEN ZE ANALYSÉIEREN AN D’TARIFIKATIOUN VUN DER GASASEPISUNG UNZEPASSEN?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Energie ze stellen.

Am Kader vun den Diskussiounen iwwert d’Zukunft vun de Biogasanlagen zu Lëtzebuerg maachen sech besonnesch d’Bedreiwer vun den Anlagen, déi Biomethan an d’Netz aspeisen, Suergen. Wéi Am Artikel vum Lëtzebuerger Wort vum 25. Februar 2023 nozeliesen ass, hunn déi Anlagen Schwieregkeeten, hir Käschten ze decken, well hir Matière Première an hir Energiekäschten méi deier goufen, awer de Präis, deen si fir de Biogas kréien, net ugepasst gouf.

Well d’Regierung sech d’Zil gesat huet, d’Produktioun vun nohaltegem Biogas an Zukunft nach auszebauen a well eng national Produktioun an Zäite vun Energiekris besonnesch wichteg ass, wéilt ech folgend Fro un den Här Minister fir Energie stellen:

Huet d’Regierung geplangt, d’Käschtestruktur vun de Biogasanlagen ze analyséieren an d’Tarifikatioun vun der Gasasepisung unzepassen?

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen, Léon Gloden, Max Hengel

Deputéiert/Deputéierten

Beitrag teilen