Skip to content

WAT MÉCHT D’REGIERUNG KONKRET, FIR DER GENERELLER PENURIE UN DOKTEREN ENTGÉINTZEWIERKEN?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géingen mir Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Wéi aus aktuelle Berichter an de Medien ervir geet, ginn et kéng fiabel Donnéeë, wéi vill Kannerdokteren am Moment zu Lëtzebuerg praktizéieren. Derbäi kënnt, datt et eng generell Penurie un Dokteren, a besonnesch u Spezialisten, zu Lëtzebuerg gëtt.  Ouni genee Zuelen ass et awer schwéier eng konkret Zukunftsstrategie fir eng besser Gesondheetsversuergung ze entwéckelen. An dem Zesummenhang wollte mir folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Wéi vill Spezialisten, opgedeelt no Fachrichtung, hunn hei zu Lëtzebuerg eng offiziell Zouloossung?
  • Wat wëll d’Regierung maachen, fir un fiabel Donnéeën ze kommen, wéi vill Spezialisten an den eenzelen Fachrichtungen, besonnesch an der Pediatrie, aktiv praktizéieren?
  • Wat mécht d’Regierung konkret, fir der genereller Penurie un Dokteren entgéintzewierken?
  • A wat fir Fachrichtunge feelen am Moment déi meeschte Spezialisten?
  • Wat mécht d’Regierung fir speziell an deene Fachrichtungen, wou déi meeschten Doktere feelen, Spezialisten unzezéien?

Elisabeth Margue
Deputéiert

Max Hengel
Deputéierten

Beitrag teilen