Skip to content

KANN D’REGIERUNG CONFIRMÉIEREN DATT DISKUSSIOUNE LAFEN FIR D’WÉCHENTLECH KINÉSSËTZUNGEN FIR PERSOUNEN DÉI UN ENGER „PATHOLOGIE LOURDE“ LEIDEN OB MAXIMAL 3 SEANCEN ZE BEGRENZEN ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet weiderzeleeden.

Aus engem Artikel am Luxemburger Wort vum 24. Mäerz 2023 geet ervir datt d’Zuel vun de wéchentlechen Kinéssëtzungen vir Persounen déi un enger „pathologie lourde“ leiden an Zukunft ob maximal 3 Seancen begrenzt kéint ginn. Dëst well d’Ausgaben vun der Physiotherapie an deene leschte Joren eropgaange wieren an ee wéilt spueren.

Et hätt een erausfonnt, datt „pathologies lourdes“ iwwert d’Hallschent vun der Ausgabenerhéijung ausmaache géingen. D’Zuel vun de Patienten déi an d’Kategorie „pathologies lourdes“ agestuuft géinge ginn wier méi héich ginn. Et géif een dovun ausgoen dass dëst keng medezinesch mee éischter finanziell Grënn hätt, vu datt d’Kinéseancen vun enger Persoun déi vun enger „pathologie lourde“ betraff ass 100% vun der CNS iwwerholl ginn, wärend d‘Patienten mat manner schwéieren Krankheeten 70% zeréckbezuelt kréien.

E weideren Probleem wier, datt et Kiné’en géinge ginn, déi déi vum Dokter ordonéiert Kinéssëtzungen direkt all beieneen géingen opbrauchen an d’Patienten méi oft bei sech géinge ruffen wéi iwwerhaapt néideg. De Behandlungen wieren an deem Sënn keng Grenzen gesat. D‘Entscheedung betreffend der Frequenz vun de Seancen misst een net den Kiné’en selwer iwwerloossen mee éischter den Dokteren. Kleng Ännerungen misste virgeholl ginn vir radikal Moossnamen spéiderhin ze evitéieren.

An deem Kontext, wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir sozial Sécherheet stellen:

  • Kann d’Regierung confirméieren datt Diskussioune lafen vir d’wéchentlech Kinéssëtzungen vir Persounen déi un enger „pathologie lourde“ leiden ob maximal 3 Seancen ze begrenzen ?
  • Wa jo, wat ass der Regierung hier Positioun dozou ?
  • Wëssend datt een hei vun schwéieren Erkrankungen schwätzt, an dës Persounen op dës Fleeg ugewise sinn, mengt den Här Minister net och, datt een dat misst evitéieren ?
  • Kann d’Regierung confirméieren datt ëmmer méi Patienten an d’Kategorie „pathologies lourdes“ agestuuft ginn ?
  • Kann een feststellen datt dat effektiv éischter finanziell Grënn huet wéi medezinesch ?
  • Wann dës Patienten net vun enger „pathologie lourde“ (sou wéi se an der annexe G vun den Statuten vun der CNS opgezielt ginn) betraff sinn, wéi kann et dann sinn dass dës awer trotzdeem an déi Kategorie kennen gesat ginn ? Wéi gëtt dat kontrolléiert ?
  • Ass der Regierung bekannt datt et Kiné’en ginn déi Patienten méi oft bei sech ruffen wéi iwwerhaapt néideg ?
  • Wa jo, wéi kéint een dat besser kontrolléieren ?
  • Deelt den Här Minister d’Opfaassung datt een d‘Dokteren misst iwwert d’Frequenz vun de Seancen entscheede loossen ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen

Max Hengel
Deputéierten

Beitrag teilen