Firwat informéiert d’Regierung d’Leit net konsequent driwwer, dass d’Strooss tëscht onsdorf an tawer, no laangen aarbechten rëm op ass, an als Auswäichméiglechkeet dénge kann?
Laut eisen Informatioune ass de Produzent vun de Bornë vum Chargy Netz rezent faillite gaangen. Wann jo, wéi laang ass séchergestallt, dass de Service weiderhin assuréiert gett?
Deelt d’Regierung d’Meenung datt et sënnvoll wier déi finanziell Hëllefen fir Elteren vun engem Kand mat Handicap eréischt no 6 méint auslafen ze loossen, fir datt déi betraffe Famillen nieft der Trauer net och nach mat finanzielle Schwieregkeeten ze kämpfen hunn ?
Wéi wëll de Minister den Ausbau vun den Netzinfrastrukturen besser viru bréngen fir dass an Zukunft méi einfach PV-Anlagen uechtert d’Land ouni gréisser Limitatioun an Upassungen (z.b. duerch en Traffo op käschten vum Aspeiser vun der Energie) un d’Netz kënne goen?
Quelles raisons pourraient expliquer le refus des banques luxembourgeoises d’accepter des dépôts en espèces ? Le gouvernement n’est-il pas d’avis que la réception de dépôts d’espèces fait toujours partie du travail d’une banque ?
Kann d’Regierung confirméieren datt Diskussioune lafen fir d’Wéchentlech Kinéssëtzungen fir Persounen déi un enger „Pathologie Lourde“ leiden ob maximal 3 Seancen ze begrenzen ?