Skip to content

WAT MËSCHT D’REGIERUNG A PUNKTO SENSIBILISÉIERUNG VU JONKEN BEI K.O.-DRËPSEN AM GEDRÉNKS?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

An de leschte Wochen hunn eng ganz Rei Virfäll mat Verdacht op K.O.-Drëpsen hei am Land op sech opmierksam gemaach. Eng Kéier war et op engem Bal zu Ell, op engem Bal zu Helzen, op dem Zürcherbal an op dem Silvesterbal, déi allen zwee an der Luxexpo stattfonnt hunn. Et ass gewëss ëmmer schwéier a konkrete Fäll K.O.-Drëpsen nozeweisen, virun allem wann net séier genuch reagéiert gëtt. Opklärung a Sensibiliséierung mussen dofir op alle Niveau’en Hand an Hand goen, fir esou Virfäll z’evitéieren oder gegeebenefalls richteg ze reagéieren. An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d‘Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet stellen.

  • Wat mëscht d’Regierung a punkto Sensibiliséierung vu Jonken bei K.O.-Drëpsen am Gedrénks?
  • Huet d’Regierung wëlles Opklärungscampagnen, notamment an de Schoulen, ze lancéieren?
  • Wéi encouragéiert d’Regierung déi Jonk sech fir eng Analys an d’Spidol ze beginn, respektiv Plainte bei der Police ze deposéieren, am Fall wou ee Verdacht op K.O.-Drëpse besteet?
  • Wéi eng Ulafplaze bitt d’Regierung de concernéierte Persoune fir esou Virfäll kënnen ze verschaffen?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

Max Hengel, Laurent Mosar
Deputéierten

Beitrag teilen