Skip to content

QP. mat Äntwert: Op wéi enger Zäitschinn ass virgesinn, den Iechternacher Park nees an d’Rei ze setze souwuel vun de Schied, déi nach ëmmer no den Iwwerschwemmunge bestinn, wéi och wat vereenzelt strukturell Infrastrukturen ubelaangt ?

Äntwert op Fro:

Äntwert vum Kulturminister Eric Thill op d‘parlamentaresch Fro n° 649 vum 23. Abrëll 2024 vun den honorabelen Deputéierte Max Hengel, Octavie Modert a Stéphanie Weydert

Wat sinn d’Konklusioune vu besoter Etude? Wéi eng Moossname goufe säit dem Fréijoer 2023 am Park virgeholl?
De Kulturministère a seng Servicer stinn zu hirem Engagement, fir den Iechternacher Park ze restauréieren, en no de Reegele vun der Konscht ze fleegen an em esou seng historesch an touristesch Valeur erëmzeginn. De Ministère an den INPA sinn dofir am reegelméissegen Echange mat de Gemengenautoritéite vun Iechternach, an ech konnt mir rezent selwer sur place e Bild vun der Situatioun maachen.
2022 sinn eng historesch an architektonesch Etude a gläichzäiteg ee schéma directeur vun Experten ausgeschafft ginn. D’Conclusioune vun den Etuden erginn, datt d’Authentizitéit an d’Biodiversitéit bei enger Revalorisatioun vum Park a vum urspréngleche Konzept vum Landschaftsarchitekt an Urbanist Herni Luja (1899-1977) am Mëttelpunkt stoe sollten, dëst am Sënn an am Respekt vun der Charte de Florence (eng international Charte iwwert historesch Gäert aus dem Joer 1981).
Säit dem Fréijoer 2023 si konkret Aarbechten ausgefouert ginn op den zwou Parterren, dem Waasserbaseng an der grousser Vase du cinquantenaire. Krank Pällem goufen eraus geholl, de Buedem gouf erneiert, d’Eibe sinn an eng richteg Form geschnidde ginn, d’Broderie ass mat hëlze Ploe markéiert ginn, d’Gras ass erneiert a geméit ginn a Phacelia gouf tëscht den Eiben geséit.
D’Heck ronderëm de Waasserbaseng ass eraus geholl ginn, de Buedem gouf och do erneiert a Gras geséit. Ee Lattage aus Eise gouf agesat fir d’ Konture kloer ofzestiechen. Ronderëm di grouss Vase gouf een neie Parterre mat engem Lattage ageluecht. Vinca minor goufe geplanzt.
2023 goufen och d’Aarbechte vun dësem Joer mat den Experte präzis geplangt. Eng spezifesch Etude gouf iwwert d’Broderie, de Waasserbaseng an d’Vase du cinquantenaire gemaach. Déi wäert et erméiglechen eng richteg Approche fir d’Restitutioun vun der Broderie an de Pällem (Buxus) unzewennen. Den Tracé “ en forme de palmette ou de coquille” wäert erëm konform zum Luja-Plang ugeluecht ginn. D’Héichten an d’Volume baséieren sech ënnert anerem op de präzisen Zeechnunge vum Henri Luja. 2023 ass dann och eng zweet Etude ausgeschafft ginn, déi spezifesch eng Testzon mat véier Bosqueten definéiert. No dëser Etude sollen eng ganz Rei Beem nees geplanzt ginn, esou datt eng Verdichtung vun der Strauchschicht wäert kommen, wat méi Fiichtegkeet an ee bessert Raumklima mat sech bréngt. Dës Aarbechte wäerten am Hierscht ufänken. Am Virfeld gëtt elo nach e Screening vun der Fauna a Flora gemaach. Eng weider Etude iwwert d’Beliichtung ass och an der Maach. Eng provisoresch Beliichtung soll laanscht Sauer installéiert ginn, esoubal déi noutwendeg Autorisatiounen virleien.
D’plates-bandes vun de Parterrë goufe mat Blumme geséit an ee Lattage ass amgaange ronderëm déi zwou Parterren agesat ze ginn. Eng Vase déi nach zum Deel erhale war, ass am Steen kopéiert ginn a wäert erëm an der Mëtt vun der Broderie installéiert ginn. Am Hierscht wäert och eng Etude iwwert de Waasserbaseng ausgefouert ginn.
Detailléiert Panneaue mat enger kloer Kommunikatioun iwwert d’Aarbechten an den Historique vum Park wäerte geschwënn opgestallt ginn.

Verschidde Beem ginn aus Sécherheetsgrënn elagéiert dat op Basis vun enger phytosanitärer Etude.
Wéini ass déi besote Konventioun tëschent dem Kulturministère an der Stad Iechternach ënnerschriwwe ginn, an a wéi wäit reegelt se Detailer? Gesäit se och Artikelen iwwert de Finanzement vir, respektiv ween d’Käschten dreet?
Den Entretien vum Park gëtt vun dësem Joer un zu groussen Deeler vum Institut national pour le patrimoine architectural – INPA iwwerholl.
Eng nei Konventioun gëtt am Moment zesumme mam Finanzministère ausgeschafft. Dës Konventioun soll d’Opdeelung an de Finanzement vun den Entretiens- a Restauratiounsaarbechten tëscht dem Kulturministère, respektiv dem INPA, an der Stad Iechternach reegelen.
Soll et op Basis vun dëser neier Konventioun sinn, wou de Kulturministère dës detailléiert Reegele virschreiwt, dat z.B. keng Laubbléiser oder Gefierer am Iechternacher Park an den Asaz kommen däerfen? Wa jo, wat genee beinhalten d’Reegelen nach?
Déi nei Konventioun soll ee präziist Leeschtungsheft fir déi ganz Gestioun erstellen deen en historeschen a geschützte Park verlaangt. Do wäerten och kloer Mesuren opgestallt ginn, déi eng nohalteg Gestioun vum Park garantéiere sollen, dëst am Respekt vun der Natur an der Geschicht vum Park.

Op wéi enger Zäitschinn ass virgesinn, de Park nees an d’Rei ze setze souwuel vun de Schied, déi nach ëmmer no den Iwwerschwemmunge bestinn, wéi och wat vereenzelt strukturell Infrastrukturen ubelaangt (Beliichtung, Schrëfttafelen,…)?
Esou wéi an der Änwert 1 beschriwwen, sinn d’Aarbechte schonn eng Zäit amgaangen a villes gouf an d’Rei gesat an ass geplangt. De schéma directeur vun 2022 huet e Planning opgestallt bis 2027.
Iwwer 160.000 € goufen zanter 2022 iwwert den INPA investéiert. Iwwer 250.000 € sinn am Moment engagéiert fir bestoend Kontrakter. Bis 2028 sinn nach 2,45 Mio. € op staatlecher Säit budgetiséiert.
Aus dem Presseartikel geet ervir, dass de Minigolf net méi soll a senger aler Form an op der aktueller Plaz opgoen. Kann de Kulturministère dat confirméieren? Falls jo, gesäit de Kulturministère vir, de Minigolf nees op enger anerer Platz opzemaachen? Wa jo, wou a wéini wier dat, an aus wéi engem Budget gëtt et finanzéiert?
Den Emplacement vum Minigolf-Terrain gouf bei de leschten Reuniounen mat de Gemengevertrieder vun der Stad Iechternach ugeschwat. De Kulturministère ass sech der Attraktivitéit vun esou enger Fräizäit-Aktivitéit fir de Park bewosst a verschléisst sech kenger oppener Diskussioun mat de Gemengeresponsabelen iwwer d’Restauratioun an den Emplacement vum Minigolf-Terrain.

Lëtzebuerg, den 3. Juni 2024
De Kulturminister
(s.) Eric Thill






Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Kulturminister weiderzeleeden.

An engem Artikel an der Dagespress vum 19. Abrëll 2024, ginn d’Zoustänn vum Iechternacher Park no den Iwwerschwemmunge vun 2021 beschriwwen. Aus besotem Artikel geet ervir, dass d’Auswierkunge vun den Iwwerschwemmungen nach ëmmer däitlech am Park ze gesi sinn. Dëst well d’Gemeng am Park keng Aarbechten no der Iwwerschwemmung duerft virhuelen. Vill ofgebrache Geäschts läit nach op de Weeër, d’Anlage vum Park si voller Kraut, d’Gelänner vum Minigolf ass ganz iwwerwuess, a ronderëm de Pavillon ass den Zoustand net gutt. Des Weidere géif de Kulturministère elo nei Reegele virschreiwen, déi den Aarbechter et erschwéiert, de Park an der Rei ze halen. Zum Beispill ass et den Aarbechter verbuede Laubbläser ze benotzen. Ausserdeem géif de Minigolf net méi op seng aktuell Plaz zréckkommen, hätt de Kulturministère an engem rezente Bréif festgehalen.

De Virschlag vun enger neier Konventioun tëschent der Stad Iechternach an dem Kulturministère géif reegelen, dat, anescht wéi an der laanger Vergaangenheet säit 1868, de Kulturministère an Zukunft den Ënnerhalt vum Park maache géif. Et sollen och néideg Instandsetzungsaarbechten virgeholl ginn an d’Käschten dovunner vum Staat gedroe ginn.

Aus enger Äntwert vum 11.Januar 2023 op d’parlamentaresch Fro n°7337 vum 7.Dezember 2022, huet déi fréier Kulturministesch matgedeelt, dass eng Etude vum INPA (Institut national pour le patrimoine architectural) dem Ministère an der Gemeng Iechternach virläit, sou datt nach virum Fréijoer 2023 éischt Moossnamen am Park kënne realiséiert ginn.

An deem Kontext wollte mir follgend Froen un den Här Kulturminister stellen:

  • Wat sinn d’Konklusioune vu besoter Etude? Wéi eng Moossname goufe säit dem Fréijoer 2023 am Park virgeholl?
  • Wéini ass déi besote Konventioun tëschent dem Kulturministère an der Stad Iechternach ënnerschriwwe ginn, an a wéi wäit reegelt se Detailer? Gesäit se och Artikelen iwwert de Finanzement vir, respektiv ween d’Käschten dreet?
  • Soll et op Basis vun dëser neier Konventioun sinn, wou de Kulturministère dës detailléiert Reegele virschreiwt, dat z.B. keng Laubbléiser oder Gefierer am Iechternacher Park an den Asaz kommen däerfen? Wa jo, wat genee beinhalten d’Reegelen nach?
  • Op wéi enger Zäitschinn ass virgesinn, de Park nees an d’Rei ze setze souwuel vun de Schied, déi nach ëmmer no den Iwwerschwemmunge bestinn, wéi och wat vereenzelt strukturell Infrastrukturen ubelaangt (Beliichtung, Schrëfttafelen,…)?
  • Aus dem Presseartikel geet ervir, dass de Minigolf net méi soll a senger aler Form an op der aktueller Plaz opgoen. Kann de Kulturministère dat confirméieren? Falls jo, gesäit de Kulturministère vir, de Minigolf nees op enger anerer Platz opzemaachen? Wa jo, wou a wéini wier dat, an aus wéi engem Budget gëtt et finanzéiert?

Här President, Mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

    Max Hengel                                       Octavie Modert                              Stéphanie Weydert

   Deputéierten                                          Deputéiert                                           Deputéiert

Beitrag teilen