Skip to content

VIDEO VUN ENGEM MEEDCHEN, DAT VUN ANERE JONKEN HARCELÉIERT, GESCHLOEN AN ERNIDDREGT GËTT: WAT SEET D’REGIERUNG DOZOU?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës
dréngend Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet, d’Madamm
Justizministesch an un den Här Minister fir Educatioun weiderzeleeden.

En Donneschdeg den 8. Juni 2023 ass op de soziale Medien ee Video diffuséiert ginn,
wou ee jonkt Meedche vun anere Jonken harceléiert, geschloen an op uergstem Niveau
erniddregt ginn ass. De Video huet sech séier verbreet, dat obwuel eigentlech keng
Video’en vu Mobbing op de soziale Medien dierfe gewise ginn.

Aus engem RTL-Artikel zu dem genannte Video ass erauszeliesen, dass eng Plainte bei
der Police deposéiert ginn ass. D’Police soll der Mamm vum Affer gesot hunn, hinne
wieren d’Hänn gebonne well et sech em Mineuren handelt, an d’Unisec (Unité de
sécurité du Centre-socio éducatif de l’Etat) hei am Land iwwerfëllt wier.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir bannenzeg
Sécherheet, d’Madamm Justizministesch an den Här Minister fir Educatioun riichten:

  • Kann d’Regierung déi uewe genannte Fait’en bestätegen?
  • Wéi eng Poursuitte si géint déi Schëlleg an d’Weeër geluecht ginn?
  • Ass domat ze rechnen, dass och juristesch Poursuitte géint Meta an d’Weeër geluecht gi wéinst der Verbreedung vun dësem Video?
  • Wann et sech effektiv ëm Mineuren handelt, firwat kënnen dës net an der Unisec zu Dräibuer placéiert ginn?
  • Kann d’Regierung eis confirméieren, dass d‘Unisec zu Dräibuer voll ass?
  • Wa jo, wat gedenkt d’Regierung bei dëser urgenter Problematik vum Plazmangel an der Unisec ze ënnerhuelen?
  • Si Vergréisserunge vun dëser Struktur virgesinn?
  • Wann et sech ëm Schüler aus engem Lycée handelt, wat gedenkt den Educatiounsminister ze ënnerhuelen, fir esou Virfäll virzebeugen?

Här President, mir bieden Iech dës Fro, mat eisem déifste Respekt unzehuelen.

Laurent Mosar, Léon Gloden

Deputéiert

Beitrag teilen