Skip to content

FÉIERT D’REGIERUNG AKTUELL IWWERLEEUNGEN, FIR JONK LEIT FRÉIZÄITIG A RICHTUNG POLICE-AUSBILDUNG ZE GUIDÉIEREN?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

Am Saarland soll eng nei Formatiounsoffer duerch d’Schafe vun enger sougenannter „Fachoberschule“ jonk Leit motivéieren, eng Ausbildung bei der Police ze maachen.

De Personalmanktem ass och bei der Lëtzebuerger Police e Problem. Och hei am Land musse méi jonk Leit fir d’Police-Beruffer ausgebilt ginn. An deem Kontext sief drun erënnert, dass d’CSV schonn e puer Mol d’Aféierung vun engem entspriechenden Optiounsfach am Enseignement secondaire proposéiert huet, fir d’Schüler iwwer dee Wee fir d’Sécherheetsberuffer ze sensibiliséieren.

Virun dësem Hannergrond wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet riichten:

  • Ass der Regierung dat beschriwwent Konzept aus Däitschland bekannt?
    Wa jo, ënner wéi enger Form kéint esou e Konzept zu Lëtzebuerg implementéiert ginn?
  • Féiert d’Regierung aktuell Iwwerleeungen, fir jonk Leit fréizäitig a Richtung Police-Ausbildung ze guidéieren?
    Wa jo, a wéi eng Richtung ginn dës Iwwerleeunge konkret?
    Wann net, firwat net?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen, Co-Fraktiounspresidentin
Léon Gloden, Deputéierten

Beitrag teilen