
Haut den 17.08.2024 erreecht eis déi schrecklech Nouvelle dass den Ost-Deputéierte Max Hengel verstuerwen ass.
Et ass schockéierend a beréiert zu déifst dass sou ee léiwen, engagéierten, hëllefsbereete Mënsch wéi de Max, deen ëmmer e Laachen um Gesiicht hat, an sou jonke Joren aus dem Liewe gerappt gëtt.
Trotz Krankheet huet hien seng Kämpfermentaliteit bis zum Schluss nie verluer.
Dat grousst Lach wat des Nouvelle oprappt ass onbeschreiflech, net nëmme war hien e Buergermeeschter dee mat Häerz a Séil fir seng Rieslingsgemeen agetrueden ass mee och als Deputéierte säit Januar 2022 huet hien an der Chamber villes ugestouss a war immens engagéiert. Grad als Präsident vun der Santéskommissioun waren him d‘Santé an déi Sozial Sécherheet besonnesch wichteg, an dem Kontext ass hien och ëmmer oppe mat senger Kriibskrankheet ëmgaangen a war fir vill Leit e Virbild.
Als Bezierkspresident vun der CSV wäert hien der ganzer Partei feelen.
De Max war ee wonnerbare Mënsch deen ëmmer op d’Leit zou gaangen ass, e Mënsch deem d’Veräinsliewen um Häerz loung an een dee fir all Problem en oppent Ouer hat. Mat him verléiert d’Muselregioun, den Osten an dat ganzt Land eng eenzegaarteg Perséinlechkeet.
Mir all traueren em de Max a wënschen dem Jacqueline, dem Jonas an dem Jules, senger ganzer Famill a senge ville Frënn vill Kraaft an dëser schwéierer Zäit.