Generalversammlung Gréiwemaacher

Foto : LW - Monique Hermes
Foto : LW - Monique Hermes

 “Wir wollen Verantwortung in der Gemeinde übernehmen!”
 113 Mitglieder starke CSV-Sektion Grevenmacher blickte auf positives Jahr zurück.  (Artikel LW : 17.03.10)

In der Generalversammlung der CSV-Sektion Grevenmacher brachte Sektionspräsident Léon Gloden es vor u. a. Ministerin und Bezirkspräsidentin Françoise Hetto-Gaasch, Bezirkssekretär Yves Wengler, Ehrenbürgermeister Norbert Konter und Ehrenpräsident Jean-Pierre Urwald auf den Punkt: „Wir dürfen stolz auf unsere Sektion sein, die 2009 etliches zum Wahlerfolg der CSV beigetragen hat. Es geht jetzt darum, diesen positiven Schub für die Gemeindewahlen 2011 zu nutzen. Wir betreiben eine konstruktive Oppositionspolitik und wollen nach den Wahlen Verantwortung in der Gemeinde übernehmen. Allerdings werden wir weder arrogant noch überheblich vorgehen, sondern im Interesse der Bürger handeln.“ (méi…)

Maisons medicales – Wou bleiwt den Osten ?

affiche-maisons-medicales-accueil-vignetteD'”maisons médicales” (communiqué) sinn Enn 2008 agefouert ginn, fir während der Nuecht, dem Weekend oder op de Feierdeeg e medezineschen Déngscht ze bidden, bei deem Generalisten eng Permanence  assuréieren, während där Zäit wou d’Doktesch-Praxen normalerwies zou hunn, an esou déi Fäll ofzedecken, wou et net noutwenneg ass den 112 (urgences) ze ruffen.

No enger Testphase 2009, sollt de Système evaluéiert, an ausgebaut gin. Notamment sollt eng “maison médicale” an den Osten vum Land kommen, an de ländlechen Raum besser ofgedeckt ginn.

2009_gloden_leon2009_frank_mariejoseeAn deem Zesummenhang, hun eis Deputéiert Marie-Josée FRANK a Léon GLODEN eng “question parlementaire” un den zoustännegen Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo gestallt. (QP 0494)

Si wëllen vum Minister wëssen wou den Dossier drun ass, Wéini dat eng “maison médicale” hei am Osten opgeet, a wéi d’Offer am ländleche Raum erweidert bzw verbessert soll ginn.

Schon am Februar 2009, hat sech d’Deputéiert Marie-Josée FRANK während enger Aktualitéitsdebatt an der Chamber un den zoustännegen Minister am deem Zesummenhang adresséiert. (Video kucken)

Generalversammlung Mäertert-Waasserbëlleg

CSV Mertert/Wasserbillig auf lokaler, regionaler und nationaler Ebene tätig.
Gleich mehrere Personen wurden während der Jahreshauptversammlung geehrt.

Foto jpg LW - AG Maertert-Waasserbelleg
Foto : LW - Lucien Schiltz

Im Beisein zahreicher Mitglieder bedankte sich die Präsidentin der CSV-Sektion Mertert-Wasserbillig, Cilly Nuszkowski-Hirtt, anlässlich der Jahreshauptversammlung bei allen, die während der Parlamentswahlen im Vorjahr als Helfer im Einsatz waren und damit zum hervorragenden Erfolg der CSV im Osten und auf Landesebene beigetragen haben.

Auch auf lokaler Ebene sei mit vier CSV-Mitgliedern im Gemeinderat einiges erreicht worden. So würden zurzeit 180 Kinder in den Kindertagesstätten betreut. Die Präsenz von drei Mitgliedern im Ostvorstand, drei im Vorstand der CSJ-Osten, vier in der CSF-Osten und im Nationalrat seien Zeugen starker Aktivität. Auch habe man jugendlichen Zuwachs in der Sektion erhalten.

(méi…)

Konferenz iwwer den Tourimus zu Lëtzebuerg

D’Ministesch vum Tourismus, Françoise HETTO-GAASCH referéiert iwwer “Den Tourismus zu Lëtzebuerg – séng Chancen, eis Pflichten”.

Françoise    Op Invitatioun vun der CSV-Sektioun Mäertert-Waasserbëlleg, ass den 9. Mäerz um 20:00 Auer zu Mäertert am Centre culturel (-> Plang) eng Konferenz mat der zoustänneger Ministesch Françoise HETTO-GAASCH.

Den Tourismus huet nach e grousst ekonomescht Potential. Grad an dëser méi schwiereger Situatioun vun eiser Wirtschaft, musse mir no neie Méiglechkeeten sichen, fir eis Economie ze beliewen, an nei Standbeener fannen fir eis Recetten laangfristeg ze sécheren.

Den Tourismus bitt do eng Rei vun Méiglechkeeten, mä d’Land, d’Leit an déi politesch Responsabel mussen ëmdenken. Esou ass den Tourist vun haut net méi land- oder régiounorientéiert, mä plangt seng Vakanzen ëmmer méi themenorientéiert. Et muss een dofir ofréckelen vun enger Promotioun fir d’Regioun Mëllerdall oder Musel, a svelo1ech méi zu enger Promotioun fir eist d’Land orientéieren, bis hin zur Promotioun vun der Groussregioun.

Dobäi sollen eenzel Themen promovéiert gin déi den Tourist verstäerkt uspriechen wéi z.B.: Natur, Kultur, Gastronomie, Sportméiglechkeeten, Kongresstourismus, asw.. Esou kéint ee zum Beispill beim Mëllerdall verstärkt op den “Wandertourismus” setzen, oder fir d’Muselregioun den “Velostourismus” staark promovéieren.

Mir ass et an deem Zesummenhang immens wichteg, datt sech di eenzel Tourismusakteuren enger nationaler Vermarktungsstrategie uschléissen; mir mussen bei der Promotioun vun engem ze staark regional oder lokal geprägten Denken ewech ze kommen an eis Regiounen mi staark wéi bis elo iwwer themenorientéiert Produkter definéieren, déi den Tourist och am viraus ka reservéieren!“, sou d’Ministesch Françoise HETTO-GAASCH.   ( PDF – Invitatioun )

Informatiounsowend iwwer d’Steiererklärung

steuer_dpaEn Donneschdeg, den 4. Mäerz 2010 invitéiert d’CSV-Sektioun Mondorf op en Informatiounsowend zum Thema :
Wéi maachen ech meng Steiererklärung richteg?”. 
An dëser Versammlung, déi um 19h45 am Centre Martialis zu Elleng ( -> Plang) ufänkt, erklärt den Steierinspekter Jean-Marie RAUS aus der Direktioun vun der Steierverwaltung, d’Detailer vun enger korrekter Steiererklärung an äntwert op all Froen an dësem Zesummenhang.

Interessenten kënnen hiren Steierziedel matbréngen, an esou konkret gehollef kréien .

Informatiounsowend iwwer d’Steiererklärung

SteierenE Mëttwoch, den 24. Februar 2010 invitéiert d’CSV-Sektioun Iechternach op en Informatiounsowend zum Thema :
Wéi maachen ech meng Steiererklärung richteg?”. 
An dëser Versammlung, déi um 19h30 am Hihof ( -> Plang) ufänkt, erklärt den Steierinspekter Jean-Marie RAUS aus der Direktioun vun der Steierverwaltung, d’Detailer vun enger korrekter Steiererklärung an äntwert op all Froen an dësem Zesummenhang.

Interessenten kënnen hiren Steierziedel matbréngen, an esou konkret gehollef kréien .

Infoversammlung fir d’CSV-Sektiounen

csv-zwEn Dënschden den 23. Februar 2010, fënnt um 19h30 zu Wuermer am Centre culturel ( -> Plang ) eng Informatiouns- an Aarbechtsëtzung  fir d’Presidenten, d’Sekretären an Trésorieren vun den CSV-Sektiounen aus dem Osten statt.    PDF Invitatioun

Op Invitatioun vun der Bezierkspresidentin Françoise Hetto-Gaasch an dem Bezierkssekretär Yves Wengler, ass dës Versammlung – un där och den CSV-Generalsekretär Marc Spautz deelhëllt – aberuff ginn, fir d’Sektiounen iwwer d’Bestëmmungen vum Parteienfinanzéierungsgesetz, d’Organisatioun an den Oflaf vun de Generalversammlungen, di nei Kommunikatiounsstrategie vun der CSV-Osten an di weider Aktivitéiten vun der CSV am Bezierk Osten ze informéieren.   -> Fotoen

Generalversammlung CSV-Betzder

AG Betzder
(Foto: L. Schiltz)

Den 27. Januar 2010 huet zu Menster  “an der Schmëtt” die uerdentlech Generalversammlung vun der CSV-Betzder stattfonnt.
De President Marc Hemmerling konnt nieft der Deputéierten Marie-Josée Frank och nach d’Deputéiert Léon Gloden a Mil Majerus begréissen.

D’CSV-Osten Exekutiv wor duerch d’Vizepresidentin Liane Felten an de Bezierksekretär Yves Wengler vertrueden. D’Presidentin Françoise Hetto-Gaasch konnt wéint enger aneren Verpflichtung leider net do sinn, an huet sech entschëllegen gelooss.   
Artikel vum Lucien Schiltz am LW den 29.01.10

Grënnungsversammlung CSJ Kanton Réimech

csjAm Kanton Réimech deet sech eppes bei der CSV Jugend. E Freideg, den 5. Februar 2010 fënnt am Europazentrum zu Schengen ( rue Robert Goebbels – Plang ) d’Grënnungsversammlung vun der CSJ Kanton Réimech statt. Eng Rei vu jonken CSV-Memberen ronderëm d’Desi Schengen-Dimitrova an d’Julie Wieclawski, hun sech zesumme fonnt an décidéiert d’CSJ am Kanton Réimech nei ze beliewen, an sech fir d’Interessi vun der Jugend an der Regioun anzesetzen.

Konferenz iwwer d’Chancen an d’Geforen vum Internetillustr.

Um Uschloss zur Grënnungsversammlung fënnt de selwechten Owend  en interessanten Virtraag iwwer d’Chancen an Geforen vum Internet statt, duerch de Bezierkssekretär vun der CSV-Osten Yves Wengler, an senger Qualitéit als Professer-Ingenieur am Lycée technique des Arts et Métiers.    -> FOTOEN

Informatiounsowend mam Budgetsrapporter Lucien Thiel

OFRTP-FRANCE-BUDGET-PARLEMENT-20091218E Mëttwoch, den 10. Februar 2010, organisiert d’CSV-Osten um 20:00 Auer zu Jonglënster am Centre culturel “Am Duerf” ( 24, rue du Village  – Plang ) eng Informatiounsversammlung iwwer d’Eckdaten vum Budget 2010 an iwwer d’Auswierkungen vun der Wirtschaftskris ob di ëffentlech Finanzen.

Wien och nëmmen e bësschen d’Politik bei eis am An huet, muss spéitstens bei den Budgetsdebatten an der Chamber nodenklech gi sinn.“, sou de Budgetsrapporter fir d’Joer 2010, den CSV Deputéierten Lucien Thiel.   -> FOTOEN