15. Mäerz – Grousse Kongressdag am Osten

                                       

De 15. Mäerz 2011 ass zu Waasserbëlleg am Kulturzenter de grousse Kongressdag vun der CSV-Osten an hiren Ënnerorganisatiounen CSF an CSJ.

An Zesummenaarbecht mat der CSV-Sektioun Mäertert-Waasserbëlleg, invitéiert CSV-Osten all hier Delegéiert, Memberen a Frënn op hiere Kongressdag 2011 mat folgendem Programm:

18:00  –  Kongress CSJ-Osten   (-> Invitatioun a Programm)

18:30  –  Kongress CSF-Osten   (-> Invitatioun a Programm)

19:30  –  Kongress CSV-Osten   (-> Invitatioun a Programm)

Generalversammlung Sektioun Mëllerdall

CSV-Sektioun “Mëllerdall” zog Jahresbilanz

(-> Artikel am LW vum 11. Mäerz 2011)

Die „CSV-Sektioun Mëllerdall“ ist nach dem Zusammenschluss der Sektionen Consdorf, Berdorf, Waldbillig und Befort vor drei Jahren eine der größten Sektionen im Osten des Landes. Zur Jahreshauptversammlung trafen sich die Mitglieder kürzlich im Kulturzentrum in Berdorf.

Zu Beginn der Versammlung gedachte man dem verstorbenen Mitglied Jean Konsbruck. Man blicke auf ein relativ ruhiges Jahr zwischen Landes- und Gemeindewahlen zurück, so Präsident Raoul Scholtes. Auch sei man als Majorzgemeinde von den Wahlen nicht in dem Maße betroffen wie die Proporzgemeinden. Aktiv waren die Mitglieder in den verschiedenen Gremien der Partei.

(méi…)

Internationale Fraendag – Fraequote en Thema

Am Kader vum Internationalen Dag vun de Rechter vun der Fra, huet d’CSV-Ministesch fir d’Chancëgläichheet, Françoise HETTO-GAASCH, e Méindeg de 7. Mäerz dem Maurice Molitor an der Emissioun “Chamber aktuell” Ried an Äntwert gestanen, iwwer d’Situatioun vun der Fra zu Lëtzebuerg – notamment an der Aarbechtswelt.

Och dat aktuellt Thema vun der Fraequote an de Verwaltungsréit vun grousse Firmen gouf ugeschwat. D’Ministesch huet an deem Kontext och op d’Propositiounen vun der EU-Kommissärin Viviane REDING reagéiert.

D’Sendung gëtt haut (8. Mäerz) nach eng Kéier um 14:40 Auer ausgestrahlt, an den Donneschden den 10. a Freides den 11. Mäerz jeeweils um 20:00, 20:20, 20:40, 21:00 21:20 an 21:40 Auer op Chamber-TV widderholl. Dir kënnt awer och de Video vun der ganzer Emmissioun op Chamber-TV  kucken, bzw. den Interview mat der Ministesch Françoise HETTO-GAASCH hei direkt uwielen ( -> Interview).

Liest och den offiziellen Pressecommuniqué vun der CSV zu 100 Joer Weltfraendag.

Haut (8. Mäerz) ass och um 17:30 Auer eng “Table ronde” zum Thema Fraequoten (-> Invitatioun)

Generalversammlung Sektioun Gréiwemaacher

„Geschlossene und motivierte Mannschaft“

CSV-Sektion Grevenmacher will Verantwortung im Schöffenrat. Im Rahmen der Jahreshauptversammlung wurden mehrere langjährige Mitglieder geehrt.

Die CSV-Sektion Grevenmacher sei mit ihren 122 Mitgliedern eine der stärksten Sektionen im Osten des Landes, so Präsident Léon Gloden bei der Eröffnung der diesjährigen Generalversammlung. Aus Respekt für den kürzlich verstorbenen Schöffen Jacques Haas (LSAP) wolle er auf eine politisch aggressive Ansprache verzichten, gab der Abgeordnete zu verstehen.

Mit einer geschlossenen Mannschaft und motivierten Kandidaten werde man in den kommenden Gemeindewahlen die Verantwortung im Schöffenrat anpeilen. Im Vorfeld würden noch eine Broschüre und drei Ausgaben des Informationsblattes „Op de Punkt“ herausgegeben. Hauptanliegen der Sektion sind unter anderem ein attraktives Park- und Verkehrskonzept, die Neugestaltung der Moselpromenade den Anlegekai entlang mit einer Fahrradpiste an der Straße sowie die neue Brücke.

(méi…)

Generalversammlung Sektioun Rosport

CSV-Sektion Rosport diskutierte über Kommunal- und Landespolitik

Im Fräihof in Steinheim fand die diesjährige Jahreshauptversammlung der CSV-Sektion Rosport statt, dies in Gegenwart des Vizepräsidenten im Bezirk Osten, Gaston Bohnenberger und des Bezirkssekretärs Yves Wengler. Man sei sowohl im National- als auch im Bezirksvorstand gut vertreten, betonte Präsident Romain Osweiler. Auch hätten die letzten Landeswahlen bewiesen, dass man sich im Osten des Landes in einer hervorragenden Position befinde.

In puncto „Maison relais“ sei man konsequent auf die Bedürfnisse der Eltern eingegangen und diese wochtentags von 7.30 bis 19 Uhr (außer im August) geöffnet.

(méi…)

Meeting Point Luxembourg – East

Kierzlech huet d’Tourismusministesch Françoise HETTO-GAASCH fir d’Ouverture vum Salon “Contact” op enger Pressekonferenz d’Campagne “Meeting Point Luxembourg” virgestallt. (-> Foto (c) Lëtzebuerger Journal vum 11.02.11)

Den MICE-Tourismus (MICE: Meeting, Incentives, Conventions, Events) ass an den Aen vun der Ministesch e wichtegt Standbeen vun der Economie, wat nach kéint ausgebaut ginn. Et ass gewosst dat e “Business-Tourist” bis zu 3 mol méi Suen bei sengem Openthalt ausgëtt, wéi en “normalen” Tourist.

Lëtzebuerg huet jo och eng ganz Rei vun Virdeeler, déi dann elo och an enger flotter Informatiounsbroschür (-> Broschür) festgehale gi sinn.

Den Osten vum Land, huet do nieft dem Staadt-Zentrum am meeschten ze bidden. (-> Grafik) Zesummen matt sénger formidabeler Landschaft a mat de gudden regionalen Produkter, ass den Osten deemno an deem Kontext ganz attraktiv. Och daat kann also eng weider Vermarktungsinitiativ ginn, fir den neien ORT Lëtzebuerger Musel. (-> Artikel vum 12. Februar am LW )

Cabinets de groupe – eng Alternativ ?

Nach ëmmer ass de Problem vun der medizinescher Éischtversuergung am Osten vum Land net geléist.

D’CSV-Osten huet schon e puer op dëser Platz an an der Chamber op dee Mëssstand higewisen:

1. Artikel am Mäerz 2010         2. Artikel am Abrëll 2010
3. Artikel am Oktober 2010     4. Artikel am Dezember 2010

An enger weiderer parlamentarescher Ufro wëllen eis Deputéiert Marie-José FRANK a Léon GLODEN elo vum LSAP-Gesondheetsminister Mars DI BARTOLOMEO wëssen, wat hien ënner enger “région non urbaine” versteet, an ob schonns Demarchen am Sënn vun sougenannten “cabinets de groupe” ënnerholl gi sinn. Am Budget 2011 sinn jo ëmmerhinn 50.000€ (crédit non limitatif) als Ënnerstëtzung fir d’Schaafen vun esou Cabinete virgesinn.

Desweideren hunn eis Deputéiert seriö Zweiffelen, daat Cabinets de groupe sollen eng Alternativ zu den Maisons médicales duerstellen.  ( Question parlementaire -> QP1208 )

Der DP geet et nët séier genuch …

DP gëtt scheinbar esou lues nervös, zumindest am Osten schéngt dat de Fall ze sinn.

An enger parlamentarescher Ufro huet den DP-Deputéierten Carlo WAGNER, bei der Tourismusministesch Françoise HETTO-GAASCH nogefrot, wou dann d’Statuten vum ORT (Office Régional du Tourisme) “Miselerland” am Moment druwieren.

Desweideren ass den DP-Politiker staark un der (personeller) Zesummesetzung vum zukünftegen ORT interesséiert.

Finalement huet de Carlo WAGNER dann awer e Problem domadder, datt den Tourismusministär schonns de Posten ausgeschriwwen huet fir en gemeinsamen Gestionnaire vum ORT Mëllerdall (deen et jo schonns méi laang gëtt) an dem ORT Miselerland. (-> Qp 1072)

D’Ministesch Françoise HETTO-GAASCH schreift an hirer Äntwert, datt d’Statuten an Zesummenaarbecht mat alle betraffenen Acteuren am Tourismus op der Musel opgestallt gi sinn, an dat si am Moment just nach enger leschter”Relecture” ënnerzu ginn.

(méi…)

Naturpark Musel – Nëmmen am Kanton Réimech ?

Scho joerelaang gëtt ëmmer nees vum Schafen vun engem Naturpark Dräilännereck oder engem Naturpark Musel geschwat. (Informatiounen zum Naturpark)

Elo soll de Projet konkretiséiert ginn (Artikel op wort.lu), an anscheinend soll den Naturpark op Lëtzebuerger Säit op den Kanton Réimech beschränkt ginn.

Dat wier also nëmmen en Deel vum Leader-Gebitt “Miselerland”, bzw. vum ORT Miselerland, zu deenen jo bekanntlech och de Kanton Gréiwemaacher gehéiert.

Den Ost-Deputéierten Léon GLODEN wëll elo an enger Question parlementaire vum delegéierte Minister vun der Nohalteger Entwécklung an vun den Infrasrukturen, Marco SCHANK, wëssen virwaat de Kanton Maacher do nët mat abezunn gëtt, well dat jo kéint negativ Konsequenzen hunn fir den HORECA-Secteur, awer och fir de Rescht vum Kommerz an eis Wënzer.

Och wëllt de Léon GLODEN wëssen, wat fir eng Konsequenzen d’Schafe vun sou engem Naturpark op d’Aktivitéiten vu Landwirtschaft a Wäibau huet.   (Den Text vun der parlamentarescher Ufro -> QP 1166)

3. Konferenz vun de Kulturminister an der Groussregioun

Ënner der Leedung vum saarlänneschen Kulturminister, Karl Rauber, hunn sech den 2. Dezember 2010 d’Kulturminister vun der Groussregioun an der Villa Europa zu Saarbrécken getraff. Bei der Konferenz déi elo schonns zum drëtte Mol stattfonnt huet, wor Lëtzebuerg duerch eis Kulturministesch Octavie MODERT vertrueden.

Fir d’Kultur an der Groussregioun ze promovéieren awer och eenzel Aktiounen ze koordinéieren, gouf 2008 eng Asbl. “Kulturraum Großregion/Espace Culturel Grande Région” gerënnt. Di Asbl. huet elo en nei iwwerschafften Internet-Site, wou all Informatiounen am kulturellen Beräich zesumme gedroe sinn. 
-> http://www.espaceculturelgr-kulturraumgr.plurio.net

Och d’Jugend aus der Groussregioun soll nët vergiess ginn an iwwer d’Kultur zesumme kommen a zesumme fannen. Op der Konferenz ass an deem Sënn eng nei Internetplattform “grrrrr.eu” lancéiert ginn.
-> http://www.grrrrr.eu