Et ass gewosst, daat den Osten a Punkto medezinesch Betreiung alles anescht wéi gudd do steet. Dofir haaten di Deputéiert Marie-Josée FRANK an Léon GLODEN och eng parlamentaresch Ufro un de Gesondheetsminister Mars DI BARTOLOMEO gemach, an hunn an deem Zesummenhang eng Maison médicale fir den Osten gefuedert. (eisen Artikel – parlementaresch Ufro)
Matt dëser Fuederung sollten si net eléng bleiwen. Esou wor dëser Deeg am Tageblatt (Artikel am T) ze liesen, daat den LSAP-Spétzekandidat aus dem Osten an aktuellen Arbechtsminister, Nicolas SCHMIT, op der Generalversammlung vun der LSAP-Gréiwemaacher säi Bedaueren zum Ausdrock bruecht huet, daat et nach ëmmer kéng Maison médicale zu Gréiwemaacher gëtt !!
Virun de Walen huet d’LSAP de Wieler aus dem Osten nach eng Maison médicale fest versprach (LSAP Pluspunkt3_Osten). Um LSAP-Osten Kongress am Januar huet et dann geheescht “die LSAP steht zu ihren Wahlversprechen” an den Dossier “Maison médicale am Osten” kéim gutt virun ! (Artikel T Kongress LSAP)
Ëmsou méi iwweraschend ass dann d’Äntwert vum zoustännegen LSAP-Minister Mars Di Bartolomeo : Den Osten ass scheinbar nët „interessant“ genuch fir eng Maison médicale. Villméi gët elo de Ball an d’Reien vun den Dokteren (Generalisten) geworf. Déi sollen sech zesummen dinn, an a sougenannten „cabinets de groupe“ d’Auerzäiten vun de Consultatiounen aus ze deenen, an esou d’Leit aus dem Osten zefridden ze stellen. (Äntwert vum Minister) → (RTL Kommentar zum Thema op rtl.lu)
(méi…)