CSV-Osten huet d’Vertrauen vun den Leit.

Am Optrag vum Tageblatt huet TNS-Ilres zwëschen Enn Mee an Enn November 2010, nees di sougenannten Sonndesfro gestallt: “Wann de nächsten Sonndeg Wahlen wieren, wéi enger Partei géif der di meeschten Stëmme ginn?”.

430 Leit sinam Osten gefrot ginn, an d’CSV bleift weiderhin am Osten di stäerkste Partei. Wéi schonns de Sondage am Juni dëst Joer, weist och dëse Sondage dat Wahlresultat vum Juni 2009 keen eemolege “Höhenflug” vun der CSV am Osten wor. Mat liichten Aboussen géigeniwwer dem Wahlresultat vun 2009, wou d’CSV jo bekanntlech 41,47% vun de Stëmme krut, kann d’CSV mat 40,6 % hier 4 Sëtz kloer konfirméieren. ( –> Resultater mat Grafik ) …  

D’DP an d’LSAP verléieren 1,22% respektiv 1,73% géigeniwwer hirem Wahlresultat am Juni 2009 – d.h. den Negativtrend vum Juni 2010 gëtt konfirméiert. Dovun profitéieren ganz kloer “Déi Gréng”, di mat 18,1% di zweetstäerkste Partei am Osten ginn.

Jiddefalls hunn déi parteiintern Streidereien vun der DP-Osten der DP  net gutt gedoen, an den iwweräifrege LSAP-Minister Schmit konnt mat sengen Eskapaden d’Leit am Osten och net iwwerzeegen, an fir seng Partei gewannen.

D’CSV ass a bleift di 1. Wahl, an den eenzege zouverlässege Partner bei der Gestaltung vun eisem Land.

Denkfabrik CSV-Osten

CSV-Osten invitéiert e

Samsdeg, de 4. Dezember 2010,
vu 9.00 – 12.00 Auer,

op e Workshop zu wichtegen politeschen Themen

an de Centre Culturel “Am Duerf” zu Jonglenster,
24, rue du Village.

An dräi verschidlechen Arbechtsgruppen ginn folgend Themen aus dem Bléckwénkel vum Osten diskutéiert:

1. Tourismus a regional Zesummenarbecht
get moderéiert vum Françoise Hetto-Gaasch an assistéiert vum Gilles Estgen.

2. Gemengepolitik (Fusiounen, Finanzen, Wasserpräis) a medezinesch Éischtversuergung
get moderéiert vum Léon Gloden an assistéiert vum Yves Wengler.

3. Commerce (Mëttelstand, Industriezonen) a Verkéiersproblematik
get moderéiert vum Octavie Modert an assistéiert vum Liane Felten.

Aus organisatoreschen Grenn wär et flott, wann Dir Iech schons am viraus an een vun desen dräi Arbechtsgruppen géift beim Bezirkssekretär Yves Wengler umellen. (per Mail: yves.wengler@education.lu oder um Handy 621-355015).

Maison médicale am Osten, eis Deputéiert Frank a Gloden haken no!

Dir kënnt Iech erënneren, eis Deputéiert Marie-Josée FRANK a Léon GLODEN haten schon eng Kéier de Gesondheetsminister Mars DI BARTOLOMEO an enger parlamentarescher Ufro interpelléiert, wéi d’Situatioun vun der medezinescher Éischtversuergung hei am Osten wier. Op net eng Maison médicale am Osten sech ëmmer méi giff imposéieren. (-> eisen Artikel)

Di deemoleg Äntwert vum Minister huet méi wi een onzefridden gelooss.

Elo – am Kontext vun der geplangtene Gesondheetsreform – an der domadden verbonnerer Diskussioun ëm Éischtversuergung vun de Patienten, haken eis zwee Deputéiert an enger neier Question parlementaire nach eng Kéier no.

(-> QP 0972 ) Mir si gespaant op d’Äntwert vum Minister.

Vëlofueren op de Vëlospisten – Präzisiounen vum Minister Wiseler

Dir kënnt Iech erënneren, den Deputéierten Lucien CLEMENT  hat am Summer eng parlamentaresch Ufro un de Minister vun den Infrastrukturen an der nohalteger Entwécklung, de Claude WISELER, gestallt, betreffend Notzung an Zoustand vun de Vëlospisten am Land. (-> eisen Artikel)

De Minister huet elo geäntwert a kloer gestallt, datt Vëlosfuerer kënnen op d’Strooss auswäichen, wann de Vëloswee blockéiert oder (z.B. wéinst ze villen Benotzer) net pratikabel ass.

Fir den laafenden Ënnerhallt sin allerdéngs déi betraffen Gemengen zoustänneg a verantwortlech, sou de Minister weider. (-> Réponse QP0839 )

( –> Erklärungen zu de Verkéiersschëlter ronderëm Vëlosweeër )

( –> Nationale Reseau vun de Vëlosweeër )

En Erliefnisbad am Osten – eng Noutwendegkeet!

Eis Tourismusministesch Françoise HETTO-GAASCH gëtt es net midd drop hinzeweisen, dat an der Tourismusbranche grousst economescht Potential stécht. Fir dat Potential richteg ze notzen, muss allerdéngs nach esou munches ënnerholl ginn.

Fir awer elo net a blannen Aktivismus ze verfalen, huet d’Ministesch eng sougenannten SWOT-Analyse (Stärken-Schwächen-Analyse) fir d’Ostregioun vum Land maache gelooss.

Doraus geet ënner anerem ervir, dat am Osten vum Land attraktiv Indoor Sport- a Freizäitinfrastrukturen, wéi z.B. en Erliefnisbad, eng sënnvoll an attraktiv Beräicherung vun eiser touristescher Offer wier.

Am Fënnefjoresplang vun der Regierung, betreffend d’Investissementer an Tourismusinfrastrukturen, sinn och Suen fir dee Projet reservéiert. Um Moment scheitert et awer nach un engem gëeegenten Standuert. Eenzel Gespréicher mat Gemengen sinn um lafen.  (-> Artikel am LW vum 18. September 2010)

Schengen Lycée – alles am Bléck an ënner Kontroll

Dräi CSV-Deputéiert, dorënner de Lucien CLEMENT an de Léon GLODEN, wollten vun der Educatiounsministesch wëssen wéi et da mat der Evaluatioun a Kontroll vum Schengen-Lycée zu Pierel gestallt ass ( -> eisen Artikel) .

Elo ass di ganz detailléiert Äntwert op den Deputéierten hier parlamentaresch Ufro ( -> QP 0771 ) vun der Educatiouns-ministesch geliwwert ginn. (-> Réponse QP0771)

En definitiven Bilan get eréischt 2014 gemaach, sou d’Ministesch.

Technesch Kontrollstatioun am Osten vum Land – de Minister enquêtéiert!

Wéi mir op eisem Site annoncéiert hunn (-> Artikel), haten di Deputéiert Marie-Josée FRANK a Léon GLODEN dem zoustännege Minister Claude WISELER, eng parlamentaresch Ufro (-> QP0768) gestallt, wéi d’Chancen géifen sinn, eng technesch Kontrollstatioun fir Autoen an den Osten ze kréien.

De Minister Wiseler huet elo an sénger Äntwert (-> Réponse QP0768 ) déi Méiglechkeet net ausgeschloss. Allerdéngs huet hien betount, datt zu éischt emol missten déi bestoend Infrastrukturen optimal ausgenotzt ginn. Eng deementspriechend Analyse géif duerchgefouert, an dann géifen di néideg Konsequenzen gezunn ginn.

Zumindest wees – dank der Interventioun vun eisen Deputéierten – de Minister elo, daat esou eng Statioun am Osten erwënscht ass, an och – ouni der Enquête vum Ministère wëlle virzegräifen –  duerchaus kéint Sënn maachen.

Muss bei de Vëlospisten nogebessert ginn ?

De Vëlostraffik op eise Stroossen hellt ëmmer méi zou. Niewt der Begeeschterung ronderëm eis Bridder Schleck, kommen hei am Osten och di flott Initiativen Rent-a-Bike Miselerland an Vëlo fueren am Miselerland ëmmer méi op Touren.

Esou deelen sech dann d’Sport-Vëlofuerer mat den Touristen eis Vëlosstrecken, an da kommen och nach Foussgänger oder Skater dobäi – heiansdo gëtt et enk !

Dofir verlossen eng Rei vun Vëlosfuerer de Vëloswee a fueren op der ëffentlecher Strooss – wat allerdéngs net erlaabt ass, wa parallel e Vëloswee verleeft.

Mee och den Zoustand vu verschidden Vëlosweeër léisst scheinbar ze wënschen iwwreg, fënnt den Deputéierten Lucien CLEMENT . Hien huet dofir eng parlamentaresch Ufro un de Minister vun der nohalteger Entwécklung a vun den Infrastrukturen, de Claude WISELER, gestallt. 
( -> Question parlementaire 0839  –  copie de l’original )

Waat leeft am Schengen-Lycée zu Pierel (D) ?

Den Däitsch-Lëtzebuerger Schengen-Lycée zu Pierel (Perl-D) funktionéiert elo säit der Rentrée 2007. No 3 Joer kéint ee schonns en 1. Bilan maachen, bzw. missten all Punkten zum Funktionement gekläert sinn – géif ee mengen.

En offizielle  Bilan läit allerdéngs nach net vir, a e puer Froen bleiwen och nach op. Dofir hunn 3 CSV-Deputéiert, dorënner de Lucien CLEMENT an de Léon GLODEN eng parlamentaresch Ufro un di zoustänneg Educatiounsministesch Mady DELVAUX-STEHRES gestallt. ( -> Question parlementaire 0771 )

Eng technesch Kontrollstatioun am Osten ?

An der Presse wor rezent ze liesen, daat dru geduecht géif ginn eng technesch Kontrollstatioun fir Auto ( Internetsite vun der SNCT ) am Osten vum Land opzebauen.

Wann ee weess, wéi staark Kontrollstatioun vu Sandweiler iwwerlaascht ass, da géif eng weider Statioun am Nord-Osten vum Land duerchaus Sënn maachen.

Eis Deputéiert Marie-Josée FRANK a Léon GLODEN hunn eng parlamentaresch Ufro un den zoustännege Minister Claude WISELER gestallt. ( -> Question parlementaire  0768 )