Am Kader vum Internationalen Dag vun de Rechter vun der Fra, huet d’CSV-Ministesch fir d’Chancëgläichheet, Françoise HETTO-GAASCH, e Méindeg de 7. Mäerz dem Maurice Molitor an der Emissioun “Chamber aktuell” Ried an Äntwert gestanen, iwwer d’Situatioun vun der Fra zu Lëtzebuerg – notamment an der Aarbechtswelt.
Och dat aktuellt Thema vun der Fraequote an de Verwaltungsréit vun grousse Firmen gouf ugeschwat. D’Ministesch huet an deem Kontext och op d’Propositiounen vun der EU-Kommissärin Viviane REDING reagéiert.
D’Sendung gëtt haut (8. Mäerz) nach eng Kéier um 14:40 Auer ausgestrahlt, an den Donneschden den 10. a Freides den 11. Mäerz jeeweils um 20:00, 20:20, 20:40, 21:00 21:20 an 21:40 Auer op Chamber-TV widderholl. Dir kënnt awer och de Video vun der ganzer Emmissioun op Chamber-TV kucken, bzw. den Interview mat der Ministesch Françoise HETTO-GAASCH hei direkt uwielen ( -> Interview).
Liest och den offiziellen Pressecommuniqué vun der CSV zu 100 Joer Weltfraendag.
Haut (8. Mäerz) ass och um 17:30 Auer eng “Table ronde” zum Thema Fraequoten (-> Invitatioun)








