Den Educatiounsministère proposéiert Nohëllefsstonnen vum 31. August bis den 11. September. Ginn et genuch Enseignanten fir des Nohëllefsstonnen ze assuréieren? A wéi grouss ass d’Nofro bei de Schüler?

Här President,

Sou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

D’Schouljoer 2019/2020 war ganz kloer e schwéiert Joer, dat fir d’Enseignanten, d’Schüler an d’Elteren. Fir déi Schüler, déi um Enn vun der Vakanz nach wëllen Nohëllef kréien, fir sech esou besser op d’Rentrée ze preparéieren, proposéiert den Educatiounsministère gratis Nohëllefcoursen un.

D’Nohëllefsstonne wäerte vum 31. August bis den 11. September stattfannen. Esouwuel d’Schüler aus ëffentleche Schoule respektiv Lycéeën, ewéi och d’Schüler aus privaten Etablissementer, déi den offizielle Schoulprogramm applizéieren, kënnen sech fir d’Nohëllef-Coursen aschreiwen.

 

An dësem Kontext, well ech folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Hu sech genuch Enseignantë gemellt fir des Nohëllefcousen kennen ze gi?
  • Wa jo, wéi vill?
  • Wa nee, wei gedenkt de Minister des Nohëllefsstonne kennen unzebidde wann net genuch Enseignantë do si fir dëst ze assuréieren?
  • Wéi vill Schüler hunn sech mëttlerweil ugemellt fir des Nohëllefcoursen an Usproch ze huelen?

 

Mat déiwem Respekt,

Francoise Hetto

D’Gewerkschaften a vill Elteren fuerderen säit laangem datt Begleetpersonal an de Schoulbusse vu Kompetenzzentren agesat ginn. Gesinn d’Ministeren keng Noutwendegkeet, Begleetpersonal zur Verfügung ze stellen ? Wann net, wat sinn d’Grënn ?

Herr Präsident,

 

Gemäß Artikel 83 der Geschäftsordnung der Abgeordnetenkammer, bitten wir Sie, die vorliegende parlamentarische Anfrage an die Frau Familienministerin, den Herrn Bildungsminister und den Herrn Transportminister weiterzuleiten:

 

Sowohl die Gewerkschaften SPEBS/ CGFP und APCCA/OGBL, als och mehrere besorgte Eltern fordern seit längerem Begleitpersonal in den Schulbussen der Kompetenzzentren. Mehrere Kinder sind durch ihre Erkrankungen (z.B epileptische Anfälle, Trisomie21, usw) auch auf dem Transportweg auf eine geschulte Begleitperson angewiesen die im Notfall weiß, was zu tun ist. Uns wurde von mehreren Zwischenfällen berichtet in denen Kinder Anfälle während der Fahrt erlitten. Ein betroffener Junge musste sogar auf die Intensivstation eines Krankenhauses gebraucht werden. Die Busfahrer selbst bekommen diese Zwischenfälle nicht immer mit beziehungsweise sind kein geschultes Personal und kennen oft nicht die Krankengeschichte der Kinder. Sie alleine können diese Verantwortung nicht tragen.

Unseren Informationen nach spielen sich das Transportministerium, das Bildungsministerium und das Familienministerium den Ball gegenseitig zu und kommen zu keiner Einigung was die Zuständigkeit anbelangt.

Angesichts der Problematik, möchten wir folgende Fragen an die Minister stellen:

  • Sehen die betroffenen Ministerien keine Notwendigkeit, Begleitpersonal für die Spezialbusdienste zur Verfügung zu stellen? Was sind die Gründe?
  • Wann soll speziell geschultes Begleitpersonal in den betroffenen Bussen eingesetzt werden?
  • Gedenken die drei betroffenen Ministerien sich in dieser Problematik zu einigen um eine Lösung bis zur kommenden Schulrentrée 2020/2021 vorzulegen?

 

Es zeichnen hochachtungsvoll,

 

Francoise Hetto                        Martine Hansen

Abgeordnete

Wéi eng Konsequenzen hat d’Covid-19 Pandemie fir Kriibspatienten, déi eventuell net konnte behandelt ginn?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

An der akuter Phase vun der COVID-19 Pandemie ass jo e groussen Deel vun der medezinescher Versuergung ausgefall, aus dësem Grond wollt ech folgend Froen un d‘Regierung stellen:

• Wéi vill Kriibsoperatiounen a Behandlunge konnte wärend dem Confinement net stattfannen? Ass gewosst bei wéi vill Fäll dëst negativ Konsequenze haat?
• Wéi goufen déi concernéiert Patienten dee Moment behandelt ?
• Wéi eng Mesurë ginn en Place gesat fir ze verhënneren datt et an Zukunft nach emol zu esou Ausfäll vun absolut noutwendegen Operatiounen a Behandlunge kënnt?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Françoise Hetto-Gaasch
Deputéiert

Wéi ass et mat de COVID-19 Infektiounen an Alters- a Fleegeheemer?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Famill an Integratioun an un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Matt der Hausse vu COVID-19 Infektiounen, klëmmt och d’Suerg an den Alters- a Fleegeheemer datt hir Awunner kéinten infizéiert ginn. Mengen Informatiounen no, ginn et an eenzelen Haiser schonn erëm Infektiounen. Aus dësem Grond ass eng grouss Onsécherheet bei de Responsabele vun de Strukturen an dem Secteur.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann d’Regierung bestätegen datt et rëm Fäll vu COVID-19 Infektiounen an Alters- a Fleegeheemer ginn?
  2. Wa jo, ass d’Regierung net der Meenung datt en Austausch tëscht der Regierung an den eenzele Strukture wichteg wier, fir ze koordinéiere wéi eng Mesurë wou missten oder sollte getraff gi fir d’Bewunner ze schützen?
  3. Stëmmt et datt momentan keng Tester an den eenzelen Haiser gemaach ginn, mee datt d’Bewunner sech musse bei Teststatiounen deplacéieren?
  4. Wa jo, deelt d’Regierung d’Meenung datt et méi sënnvoll wier datt erëm an den Haiser getest gëtt?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Léon Gloden

Deputéierten

COVID-19 Tester

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet iwwer d’Zouverlässegkeet vun de COVID-19 Tester weider ze leeden.

  1. Ginn et nei Informatiounen zur Zouverlässegkeet vun de COVID-19 Tester déi hei zu Lëtzebuerg gemaach ginn?
  2. Wéi vill Prozent vun den Testresultater si feelerhaft?
  3. Ginn am Zweiwelsfall Testresultater duerch weider Tester iwwerpréift?
  4. Ginn et Ënnerscheeder tëscht de Large Scale Tester an den Tester déi een op Ordonnance vum Dokter ka kréien?
  5. Gëtt et eng uniformiséiert Prozedur jee nodeems a wéi engem Laboratoire se ausgewäert ginn?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

Obwuel si rëm opmaachen däerfen hunn vill Fleegeheemer fir Persoune mat Behënnerung hier normal Aktivitéite nach net opgeholl. Dëst féiert dozou, datt d’Awunner an hiren Zëmmer bleiwe mussen. Wat sinn d’Grënn fir dëse Retard?

Monsieur le Président,

Par la présente, j’ai l’honneur de vous informer que, conformément à l’article 83 du Règlement de la Chambre des Députés, je souhaiterais poser une question à Madame la Ministre de la Famille et de l’Intégration concernant la situation actuelle dans les structures pour personnes en situation de handicap.

Selon la réponse à la question parlementaire n°2284, les gestionnaires des structures pour personnes en situation de handicap ont été informées par courrier postal en date du 19 mai 2020 qu’ils pourraient passer à une phase de reprise après le confinement dû au Covid19. Madame la Ministre de la Famille avait souligné que « Ainsi, je soutiens les gestionnaires de services conventionnés pour personnes en situation de handicap dans leur désir de commencer à relancer, de façon progressive, leurs activités dans les services d’activités de jour, les ateliers protégés et les centres de propédeutique professionnelle pour personnes handicapées tout en tenant compte des besoins spécifiques dus à une population très diversifiée et présentant des degrés de vulnérabilité très différents[…]. J’ai prié les gestionnaires de bien vouloir rouvrir les structures d’hébergement vers le monde extérieur au plus tard à partir du lundi 25 mai 2020. »

Selon nos informations, un certain nombre de structures pour personnes en situation de handicap n’ont pas élaboré des stratégies de reprise, ayant comme conséquence que les résidents restent toujours « bloqués » dans leur chambre.

Dans ce contexte, je veux poser les questions suivantes :

  • Madame la Ministre peut-elle nous confirmer ces informations ?
  • Combien de structures n’ont toujours pas débuté la phase de reprise ? Pour quelles raisons ?
  • En tout état de cause quel est l’état actuel de la reprise dans les structures pour personnes en situation de handicap ?

Je vous prie d’agréer, Monsieur le Président, l’expression de ma très haute considération.

Francoise Hetto

Députée

Wéi wäit ass de Minister mat der Reform vum “chèque-service accueil” (CSA)?

Monsieur,

Nous avons l’honneur de vous informer que conformément à l’article 83 du Règlement de la Chambre des Députés, je souhaiterais poser une question parlementaire à Monsieur le Ministre de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse concernant le chèque-service accueil.
L’accord de coalition envisage une analyse du mode de financement de l’accueil des enfants, actuellement réglé par le système des chèques-service accueil (CSA). L’accord de coalition prévoit plus particulièrement la mise en place d’« une nouvelle formule déterminant la participation financière des parents au coût de l’accueil de leur enfant, en fonction de leurs revenus (…) ».
Dans ce contexte, je voudrais poser les questions suivantes :
Monsieur le Ministre l’analyse prévue du CSA est-elle achevée ?
Dans l’affirmative, quelles en sont les conclusions ?
Quand le Ministre envisage-t-il d’entamer la réforme du CSA ?
Dans le cadre de l’actuelle crise du Covid19, la participation financière des parents pour l’accueil des enfants est supprimée jusqu’au 15 juillet. Monsieur le Ministre entend-il revenir au système ordinaire du système des CSA à partir du 16 juillet ? Dans l’affirmative, le Ministère envisage-t-il une aide financière pour les familles où un des parents se retrouve à partir du 16 juillet toujours en chômage partiel ?

Je vous prie d’agréer, Monsieur le Président, l’expression de ma parfaite considération.

Francoise Hetto
Députée

Firwat sinn net alleguer d’ Elteren iwwer d’ Méiglechkeet vun engem Accueil vu mueres 7:00 Auer bis 8:00 Auer informéiert ginn.

Här Prësident,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir lech, dës parlamentaresch Ufro un den Här Erzéiungsminister weiderzeleeden.

Eisen Informatioune no sinn net alleguer d’ Elteren iwwer d’ Méiglechkeet vun engem Accueil vu mueres 7:00 Auer bis 8:00 Auer informéiert ginn.

An dësem Kontext wëlle mir folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Kann de Minister dat bestätegen?
  • Am Fall wou dëst zoutrefft, firwat kruten net alleguer d’ Elteren dës Méiglechkeet am Sënn vu Gläichbehandlung?
  • No wéi enge Critèrë sinn d’ Elteren erausgesicht ginn, déi dës Informatioune kritt hunn?

Mat déiwem Respekt,

Martine HANSEN                         Francoise HETTO

Deputéierten

Gëtt an der Zukunft eppes ënnerholl fir dat et net méi zu esou unilaterale Grenzschléissungen an der Groussregioun kënnt?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir d‘Groussregioun weider ze leeden.

D’COVID-19 Pandemie an déi domat verbonne Mesuren hu leider zu unilaterale Grenzschléissungen a Grenzkontrollen an der Groussregioun gefouert. Och déi dräi Nopeschlänner vu Lëtzebuerg hu vun dësem Recht Gebrauch gemaach, wat zu vill Chaos an de Grenzuertschafte gefouert huet. Säit e puer Wochen normaliséiert d’Situatioun sech lues a lues.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Huet d’Madamm Minister scho konkret Demarchen ënnerholl fir datt et an Zukunft net méi zu esou unilaterale Grenzschléissungen an der Groussregioun kënnt?
  2. Gedenkt d’Madamm Minister dëse Punkt op den Ordre du Jour vun enger nächster Reunioun um Niveau vun der Groussregioun setzen ze loossen, fir Mechanismen ze schafe fir datt et am Fall vun enger 2. COVID-19 Well net méi zu Grenzschléissungen a Grenzkontrollen an der Groussregioun kënnt?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Léon Gloden

Deputéierten

Ass d’Zuel vun de Studenten, déi eng finanziell Hëllef bei der Uni.lu gefrot hunn, duerch d’Covid-19 Kris an d’Luucht gaangen?

Här Prësident,

 

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Ufro un den Här Héichschoulminister weiderzeleeden.

Studenten op der Universitéit Lëtzebuerg, déi net an de Genoss vun de finanzielle Studiebäihëllefe kommen well se d’ Konditiounen net erfëllen, hunn d’Méiglechkeet, eng finanziell Ënnerstëtzung ze kréien. Sou gëtt et eng Konventioun tëschend der Uni.lu an dem Héichschoulministär déi mat 420.000 Euro gespeist as (Budgetsartikel 03.2.41.012 : « Bourses pour études supérieures à l’Université du Luxembourg en faveur d’étudiants nécessiteux ne remplissant pas les conditions d’études concernant l’aide financière de l’Etat pour études supérieures et de cas sociaux ») an och den « Hardship Fund» mat dem d´Uni.lu eng weider finanziell Hëllef fir Studente vun der Uni.lu, déi a prekäre Verhältnisser liewen, ubitt.

Well duerch d‘Covid19-Pandemie vill Studenten net schaffe konnten an doduerch finanziell Aboussen hunn, wëll ech folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Wéi vill Studenten op der Uni.lu, déi keng finanziell Studiebäihëllef kréien, hun dëst Joer eng Demande bei der Uni.lu gemaach fir eng finanziell Ënnerstëtzung via den Hardship Fund respektiv d‘ Konventioun ze kréien?
  • Ass dës Zuel am Verglach mam leschte Joer an d‘ Luucht gaangen?
  • Sinn zënter dem Mount Mäerz Ufroen bei der Uni.lu agaangen vu Studenten, déi zousätzlech finanziell Schwieregkeeten wéinst den Aschränkungen duerch d’Covid19-Kriis kritt hunn?
  • Wa jo, kann d’Uni.lu se da mat zousätzleche Mëttelen ënnerstëtzen?
  • Kréien déi Studenten och nach aner Hëllefen ugebueden, ob dat vun der Uni.lu, dem Cedies, oder anere staatlechen oder parastaatlechen Instanzen ass?

Mat déiwem Respekt,

Octavie MODERT

Deputéiert