No iwwer 20 Joer politeschem Engagement fir d’CSV op kommunalem an nationalem Plang, no vill flotten Erfarungen a Responsabilitéit als Conseiller, Buergermeeschtesch, Deputéiert a Ministerin, huet d’ Françoise Hetto-Gaasch decidéiert fir vum Januar 2022 un een neie Liewensprojet un ze goen an aus der Chambre des Députés Grand-Duché de Luxembourg ze demissionéieren.
Mat dësem Schrëtt wëll d’Françoise awer och d’Erneierung vun der CSV weider dreiwen.
Mam Max Hengel kritt d’Françoise een Nofollger, deen als laangjärege Fraktiouns-Mataarbechter beschtens op seng nei Aufgabe preparéiert ass.
Mir soen dem Françoise ee grousse Merci a wënschen elo schonn dem Max Alles Guddes.