Projet vun der Kläranlag zu Mertert gestëmmt.

klaeranlage01Nodeems di däitsch-lëtzebuergesch Kläranlag zu Perl(D) säit e puer Wochen am Testbetrib leeft, an domadder wäert zur Verbesserung vun der Waasserqualitéit op der Uewermusel bäidroen (d’Ofwaasser vun de Gemengen Schengen, Welleschten a Réimech ginn heiriwwergeklärt), ass de 16. Dezember 2009 dee wichtegen Projet vun enger 2. Kläranlag op der Ënnermusel vun der Chamber gestëmmt ginn.

 

Dës Kläranlag soll an den Hafen vu Mertert kommen, an d’Ofwaasser vun de Gemengen Stadtbriedemes, Lennéngen, Wormer, Gréiwemaacher a Mertert ophuelen. Desweideren sollen den Merterter Hafen selwer an och d’Autobunnstankstell a –restaurant zu Waasserbëlleg op der Grenz ugebonnen gin.

De Projet deen 101 Milliounen Euro soll kaschten ( ronn 90 Milliounen iwwerhellt de Staat), wäert eng Bauzäit hunn vun 12 Joer.

D’CSV-Osten begréisst dëse Projet ganz staark, an hat an der Vergaangenheet schon öfters op di absolut Noutwennegkeet vun dëser Kläranlag higewisen, deen duerch Standuertproblematik leider op sech waarden gelooss huet.

Rapport vun der zoustänneger Chamberscommissioun an den Text vum Projet de loi 6063