Nodeems d’Françoise HETTO-GAASCH den 28. Oktober um Bezierkskongress mat iwwer 92% als nei Bezierkspresidentin gewielt gouf, huet den neigewielten Bezierkscomité an senger éischter Sëtzung de 17. November zu Jonglënster sech eng nei Exekutive op Bezierksniveau ginn.
Den Yves WENGLER, um Kongress éischtgewielten an Ersatzdeputéierten vu Iechternach, gouf als neie Bezierkssekretär bestëmmt.
De Munnerefer Jean-Marie RAUS bleift och weiderhin Trésorier vum Bezierk.
D’CSV-Osten huet schonns e puer Joer e Struktur-Modell mat 3 Vize-Presidenten déi jeeweils fir ee Kanton zoustänneg sinn. De Modell huet sech an der Vergaangenheet bewäert, an dofir wäert och den neie Comité nees 3 Vize-Presidenten hunn. Et sinn dat:
fir de Kanton Gréiwemaacher, d’Liane FELTEN vu Gréiwemaacher;
fir de Kanton Iechternach, de Gast BOHNENBERGER vu Bech;
fir de Kanton Réimech, de Gilles ESTGEN vu Welleschten.
Domatten, wier d’Exekutive vun der CSV-Osten komplett.