Bezierkskongress CSV-Osten

Kongress-OstenDen 28. Oktober wor zu Remerschen am Festsall déi uerdentlech Kongresser vun der CSF, CSJ an CSV-Osten.
Mat iwwer 300 Leit wor de Sall gutt gefëllt, an d’Stëmmung wor immens.

Et wor e Wahlkongress, an d’CSV-Osten huet sech eng nei Féierung ginn. D’Françoise HETTO-GAASCH gëtt nei Presidentin vun der CSV-Osten. Nei Präsidentin vun den CSF-Osten gëtt d’Liane FELTEN, d’Nadine SCHARTZ bleiwt Präsidentin vun der CSJ-Osten.

 

De Sektiounsverband Biirmereng-Schengen-Stadbriedemes-Welleschten hat ganz Aarbecht geleescht, an dobäi fir Iessen a Gedrénks gesuergt.

Liest den Artikel aus dem Lëtzebuerger Wort