De Deputéierten a Buergermeeschter vun der Staadt Maacher, Léon GLODEN, huet dem Minister vun der nohalteger Entwécklung an de Infrastrukturen, Claude WISELER, d’Fro gestallt op et net géif Sënn maachen, insgesamt ronderëm Schoulen d’Vitesse op 30 km/h ze limitéieren – onofhängeg dovun ëm wéi eng Art Strooss et sech handelt.
Am Moment ass et esou, daat d’Gesetz et net erlaabt op enger Nationalstrooss d’Vitesse op 30 km/h ze limitéieren.
Allerdéngs leien eng Rei vu Schoulen op enger Nationalstrooss, déi ënner Ëmstänn och nach vill befuer ass.
An enger parlamentarescher Ufro proposéiert den Deputéierten Léon GLODEN dem Minister am Beräich vu Schoulen a staark besichten Infrastrukturen innerhalb vun Uertschaften, aus Sécherheetsgrënn och op Nationalstroossen eng Limitatioun op 30 km/h ze erlaben. (-> QP 1740)











